Wéi de Paperjam schreift, géinge sech d'Apdikten den Ament preparéieren, fir Schnelltester unzebidden, déi een da bei hinne sur place kéint maachen.

Een Test géing eng 20 bis 30 Minutten daueren an ëm 30 bis 35 Euro kaschten. Dësen Test hätt dann och eng legal Valeur mat engem Zertifikat, dee 24 Stonne gülteg wär. Dat kéint duerno vläicht souguer fir 48 Stonne gëlle wéi an Éisträich. Dat confirméiert d'Vizepresidentin vun der Apdiktergewerkschaft SPL dem Paperjam.

Wéi eng Apdikte matmaachen, géing ee spéitstens den 10. Mee gewuer ginn. Da gëtt d'Apdiktergewerkschaft der Regierung eng Lëscht mat allen Apdikten, déi matmaachen. Dës gëtt dann op den offizielle Sitte publizéiert.