Dat geet aus enger Lëscht ervir, déi de Robert-Koch-Institut um Freideg publizéiert gouf.

D'lescht Woch louch d'Inzidenz heiheem bei  30 op 100.000 Awunner. Ënnert anerem d'Belsch, verschidde Regiounen an Holland, Spuenien an d'Schwäiz ginn awer e Sonndeg vun der Lëscht vum RKI gestrach.

U sech ass e Land an Däitschland net méi Risikogebitt, wann d'Inzidenz an de leschte 7 Deeg ënner 50 op 100.000 Awunner ass. Donieft kuckt de Robert-Koch-Institut ob méiglecherweis net awer méi en héijen Infektiounsrisiko virläit.