Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl. Hie koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.

Zu Esch huet e Mann an der Nuecht op e Méindeg randaléiert a seng Ex-Frëndin attackéiert. De Mann hat sech gewaltsam Zoutrëtt zur Wunneng vu senger fréierer Partnerin verschaaft. An der Wunneng huet de Mann d'Fra attackéiert a geschloen.

D'Police huet op der Plaz eng blesséiert Fra an ee staark alkoholiséierte presuméierten Täter ugetraff. De Mann gouf mat op de Policebüro geholl. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.