All Woch erreecht RTL (Radio, Tëlee an Internet) 425.400 Persounen zu Lëtzebuerg, dat sinn 79.8% vun der Populatioun.
Op eng Woch gekuckt, kënnt RTL.lu op d'Spëtzepositioun an erreecht 55,6% vun der Populatioun. Op zweeter an drëtter Plaz kommen RTL Radio Lëtzebuerg mat 51,8% an RTL Télé Lëtzebuerg (och via RTL ZWEE an Internet) mat 51%.

* Zweemol am Joer analyséiert TNS-Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, Saint Paul Luxembourg SA an IP Luxembourg/CLT-UFA) de Mediekonsum zu Lëtzebuerg. D'Analys gouf tëscht September 2020 a Juni 2021 op engem Echantillon vu 4.007 Awunner vun iwwer 15 Joer gemaach.