Seance iwwert nei Mesurë fir Alters- a Fleegeheemer gouf presentéiert

© RTL Archiv
Zanter e Méindeg kréien d'Leit iwwer 75 Joer an d'Residenten aus den Alters- a Fleegeheemer jo hir drëtt Dosis vum Corona-Vaccin gesprëtzt.
Eng Woch nodeems déi nei Mesurë fir Alters- a Fleegeheemer der Press presentéiert goufen, gouf et en Dënschdeg op Nofro vun der CSV hin och eng detailléiert Seance vun der zoustänneger Kommissioun fir Deputéiert aus der Chamber. Vu Säite vun der CSV weist ee sech zefridden a frou, datt déi eenzel Parteien elo wëssen, wou se dru sinn a se och wëssen, wat se ze maachen hunn, wa verschiddene Zenarioe sollten antreffen, esou de Claude Wiseler: „Et ass Schued, datt dës Initiativ net 6 oder 12 Méint éischter komm ass. Et ass och dat wat mer gefrot haten. Mee wann der mech haut frot, wat ech dovunner halen, da soen ech, datt dat, wat hei presentéiert gouf, positiv ausgesäit.“
Och d'Annonce, datt Leit iwwer 75 Joer hir 3. Impfung aktuell an den Heemer kréien, begréisst d'CSV. Sollt d'Regierung, esou ewéi an anere Virreider-Länner, sech dofir decidéieren, deen Alter op 65 Joer erofzesetzen, géif een dat natierlech och ënnerstëtzen.
Déi nei Recommandatiounen an den Alters- a Fleegeheemer riichte sech elo jo och un d'Strukture vum Logements encadrés. Nei Residentë musse scho geimpft sinn, wa se aus dem Haus plënneren (ausser Urgencen). Reegelméisseg PCR- a Schnelltester gëlle fir Net-Geimpfter.
Zanter e Méindeg kréien d'Leit iwwer 75 Joer an d'Residenten aus den Alters- a Fleegeheemer hir 3. Dosis vum Corona-Vaccin gesprëtzt. Dat leeft iwwer déi mobil Ekippe vun der Santé. D'Impfcampagne soll bannent 3 Wochen ofgeschloss sinn.