2 Fäll vu Luxtrust-Phishing2 presuméiert "Money Mules" festgeholl ginn

Tom Nols
A béide Fäll sollen déi presuméiert Täter hir Konte fir d'Wäisswäsche vum geklaute Geld bereet gestallt hunn.
D'Fäll vu Phishing heefe sech rëm.
© Shutterstock

E Freideg am Nomëtteg ass no enger Plainte wéinst Luxtrust-Bedruch eng Fra identifizéiert ginn, déi am Verdacht steet, hire Kont fir d'Wäisswäsche vum geklaute Geld zur Verfügung gestallt ze hunn. De Parquet huet doropshin hiert Haus duerchsicht, uschléissend ass d'Fra festgeholl an engem Untersuchungsriichter presentéiert ginn.

De 24. September 2026 war der Police en anere Fall vu Luxtrust-Phishing gemellt ginn. An deem Zesummenhang ass e Freideg d'Haus vun engem Verdächtegen duerchsicht ginn, well dëse méiglecherweis als Money Mule mat der Dot a Verbindung stoung.

Bei der Sich konnte 85 Gramm Haschisch séchergestallt ginn an et goufen Indicë festgestallt, dass de Mann och an d'Vente vun Drogë verwéckelt ass. En ass op Uerder vum Dikrecher Parquet festgeholl ginn.

Am Kader vu béide Fäll gëtt vun der Police drop higewisen, dass d'Bereetstelle vun engem Bankkont zum Zweck vun der Geldwäsch mat Prisongsstrofe bis zu fënnef Joer a Geldstrofe bis 1.250.000 Euro bestrooft gëtt.

Back to Top
CIM LOGO