
Et dierft elo relativ séier goen, d'RTL-Informatioun iwwer en imminente personelle Remaniement bei der LSAP huet sech confirméiert.
Schonn en Dënschdeg ass e Comité directeur vun der LSAP beieneen an dono wäert op enger Pressekonferenz bekannt gemaach ginn, datt de Vizepremier, Aarbechts- a Sportminister Dan Kersch sou wéi de Landwirtschafts- a Sozialminister Romain Schneider aus der Regierung demissionéieren.
An déi Regierung noréckele kéinten de Georges Engel an de Claude Haagen.
RTL-Informatiounen no wiesselt den Dan Kersch als Deputéierten an d'Chamber an de Romain Schneider geet an d'politesch Pensioun.
Neie Vizepremier soll iwwerdeems d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ginn.
Op der LSAP-Nordlëscht kéinte potentiell de Carlo Weber, Amir Vesali oder Bob Steichen an d’Chamber noréckelen.