Éischt Fäll an Éisträich gekläertKanner hunn Halloween-Séissegkeeten deels selwer manipuléiert

Carine Lemmer
An Däitschland mä och an Éisträich ware jo no Halloween manipuléiert Séissegkeete fonnt ginn. An Éisträich konnt d'Police elo déi éischt 4 Fäll opklären.
© RICCARDO MILANI/Hans Lucas via AFP

D'Kanner sollen d'Séissegkeete selwer manipuléiert hunn, deels fir hir Elteren z'erféieren. 21 Fäll waren am Ganzen an Éisträich gemellt ginn.
An dräi Fäll hunn d'Kanner uginn, si hätte selwer eppes an d'Séissegkeete gestach, fir hir Elteren z'erféieren. An engem Fall soll eng "Online-Challenge" den Ausléiser gewiescht sinn.

Et gëtt elo enquêtéiert, ob och aner Fäll op sougenannt "Challenges" zréckzeféiere sinn. All Fall géif eescht geholl ginn, sou d'Bundeskriminalamt an Éisträich.

D'Enquêteure warnen och viru sougenannten "Nachahmungshandlungen". Wie Séissegkeete manipuléiert, muss mat strofrechtleche Konsequenze rechnen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO