Feier am Dikrecher Lycée an der Rue Joseph Merten

D'Annexe vum Dikrecher Lycée an der Rue Joseph Merten misst de Mëttwochmoien géint 9.20 Auer no engem Feieralarm evakuéiert ginn.
D'Schüler an d'Schoulpersonal hu sech virun der Dier versammelt. Wéi d'Police confirméiert, huet et an engem Pabeierspender op enger Toilette gebrannt. D'Flamen hätten awer ënner Kontroll kënne bruecht ginn, éier d'Pompjeeën op der Plaz waren. Beim Brand ass et bei engem Materialschued bliwwen, et gouf keng Persoun blesséiert.
Well d'Police vu Brandstëftung ausgeet, gëtt no Leit gesicht, déi eppes gesinn hunn. Zeie sinn da gebiede sech beim Policebüro vun Dikrech/Veianen ënnert der Nummer 244 80 1000 oder per Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu ze mellen.