RenovatiounD'Bärbelekierch zu Lasauvage

Christophe Hochard
Am Februar 2020 gouf ugefaangen d'Gotteshaus vu Grond op ze renovéieren. 1893 gouf si gebaut.
D'Bärbelekierch zu Lasauvage
Am Februar 2020 gouf ugefaangen d’Gotteshaus vu Grond op ze renovéieren. 1893 gouf si gebaut.

De Grof Fernand de Saintignon hat de Bauprojet deemools an Optrag ginn. Als Unerkennung fir hir onermiddlech Aarbecht gouf d’Kierch fir d’Minnenaarbechter gebaut.

Am November 2018 gouf d’Kierch “Sainte Barbe” entweit. Masse ginn also elo keng méi ofgehalen. Aus dem Gottes- gouf e Kulturhaus. Allerlee verschidden Aktivitéite kënnen hei organiséiert ginn.

Nodeems de Bistum decidéiert huet, datt si kee Besoin méi fir d’Kierch hätten, hunn d’Gemengeresponsabel d’Iddi opgegraff, d’Kierch mat neiem Liewen ze fëllen. 1,8 Milliounen Euro hunn d’Ëmbauaarbechte kascht. De Staat huet e Subside vu 400 Dausend Euro accordéiert.

D’Kierch steet ënner Denkmalschutz a gouf deemools op engem Schlakentipp gebaut. 70 Leit fannen hei Sëtzplazen. 150 kënnen der am Stoen eragelooss ginn.

28 Evenementer sinn am Kader vun Esch2022 op Déifferdenger Territoire geplangt. Déi al Bärbelekierch zu Zowaasch wäert och dofir genotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO