Blo-giel Fändelen hunn e Samschdeg de Mëtteg nees an der Stad dominéiert.

Um 17. Dag vum Krich an der Ukrain hunn op der Clairefontainesplaz nees e puer honnert Leit fir de Fridden a géint d’Gewalt manifestéiert.

Ënnert hinne Bierger mat ukraineschen Originnen, Awunner aus Lëtzebuerg, déi hir Solidaritéit wollten zum Ausdréck bréngen an zum Deel och Leit, déi bannent de leschten 2 Woche selwer aus dem Krichsland geflücht sinn.

Och de Premier Xavier Bettel hat de Riedner wärend der Maniff e Samschdeg de Mëtteg eng kuerz Zäit nogekuckt a gelauschtert. Un hien, grad ewéi un d’Politiker europawäit gouf sech och adresséiert.

Sou fuerdert de President vun der ASBL LUkraine zum Beispill, datt den ukrainesche Bierger soll Ënnerstëtzung zougesprach ginn, net nëmmen op humanitärem, mee och militäreschem Niveau.

Et hätt ee momentan nämlech wéineg Hoffnung, dass de russesche President Putin bereet zu Friddensgespréicher wier an dem Krich wéilt en Enn setzen.

Der ASBL Lukraine no wiere bis ewell iwwregens schonn eng 600 ukrainesch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm. Dovun hätt d’Associatioun der ronn 200 op eege Fauscht heihinner bruecht a logéiert.