D'Gemenge Bous a Waldbriedemes hu sech e Sonndeg an engem Referendum fir eng Fusioun vun hire Gemengen ausgeschwat.

Bous huet mat 56,8 Prozent dofir gewielt a Waldbriedemes méi däitlech mat 73,6 Prozent. D'Schäfferéit vun deenen 2 Gemengen am Oste vum Land haten 2018 mat der Prozedur ugefaangen, fir sech zesummenzedoen. Si hunn zesumme gutt 3.000 Awunner.

An engem nächste Schrëtt mussen elo déi zwee Gemengeréit zoustëmmen. Am September d’nächst Joer kéint et dann zu enger Fusioun kommen.