Kee politeschen Drock op Jeff Da Costa oder säi Patron, esou de Premier
Den Ëmweltwëssenschaftler Jeff Da Costa hat d'lescht Joer de Management vun der Regierung mat den Iwwerschwemmungen kritiséiert a gouf doropshi gekënnegt.
An der Polemik ëm d'Entloossung vum jonken Doktorand Jeff Da Costa no senge kriteschen Aussoen zejoert op eiser Antenne iwwert de staatleche Krise-Management vun den Iwwerschwemmunge läit lo och eng schrëftlech Reaktioun vun der Regierung vir.
Wéi et vum Staatsminister Bettel heescht, géif sech d'Regierung ausdrécklech zur Meenungs- a Fuerschungsfräiheet bekennen.
Et wier gängeg Praxis, datt sech Wëssenschaftler géife kritesch mat der Regierungsaarbecht auserneesetzen. Dëst wier also en normale Virgang, deen net verbueden oder onerwënscht wier.
Fazit: et hätt dann och ni e Minister Drock op de jonken Employé oder deem säin deemolege Patron gemaach.
Dat seet de Xavier Bettel a senger Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Sven Clement, déi bannent nëmmen 2 Deeg beäntwert gouf.
Grond vun der Fro vum Piraten-Deputéierte war d'Entloosse vum Jeff Da Costa bei der Diddelenger Firma RSS-Hydro, nodeems de Patron Guy Schumann anscheinend wollt verhënneren, datt seng aner 6 Mataarbechter géifen ënner politeschen Drock geroden.
Freideg de Mëtteg war d'Affär Sujet an zwou Chamberkommissiounen
"Et war net keen" - dat sot de Gilles Roth e Freideg de Mëtteg, nodeems d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring an d'Inneministesch Taina Bofferding op Nofro vun der CSV an d'Ëmweltkommissioun geruff goufen. Et géife grav Reprochen am Raum stoen an dofir hätt een Opklärung gefrot.
"Déi zwou Ministesche soten, weder si nach ee vun hire Beamten hätten intervenéiert. Mir hu gefrot, datt den Här Da Costa géif an der Chamber gehéiert ginn, mee och dat war e Vott 31 géint 29. Mir soen einfach: d'Regierung ass hei einfach net ëm Opklärung beméit."
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth kann d'Erklärunge vun der Regierung net novollzéien:
"Well ech mer schwéier virstelle kann, datt eng Persoun entlooss gouf, well se kritesch Äusserunge gemaach huet, datt de Patron sot, datt dat domat ze dinn hätt, datt déi Aussoen negativ an der Politik ukomm wieren an datt och nach an der Ëffentlechkeet reflektéiert gi wier an datt dat net soll stëmmen"