Dat ass déi nawell zolidd Kritik vum Lëtzebuerger Ëmweltwëssenschaftler Jeff Da Costa zu den uergen Iwwerschwemmunge Mëtt Juli.

D'Fuerderunge vum jonken Doktorand - deen am Beräich vun der Hydrologie zu Fréiwarnsystemer an Héichwaassergebidder fuerscht - si méi Preventioun, Sensibilisatioun an Dialog mat den Experten. D'Annick Goerens war bei de Fuerscher op Diddeleng.

Kritik no Iwwerschwemmungen/Reportage: Annick Goerens

E Mëttwoch virun 9 Wochen huet et net méi opgehale mat Reenen an d'Konsequenz ware ganz uerg Iwwerschwemmungen. Tëscht 80 an 100 Liter Waasser si plazeweis pro Quadratmeter erofkomm. Zu Guedber war et souguer e Rekord vun 105,8 Liter pro Quadratmeter. Et ass déi deierste Katastroph an der Geschicht vum Lëtzebuerger Assurancëwiesen. Et hätt awer net misse souvill Schued ginn, wann d'Regierung besser kommunizéiert hätt, erkläert de Jeff Da Costa.

"D'Regierung huet haaptsächlech versot a Punkto Preventioun a Preparatioun an och Ënnerschätzung vum Risiko vun de Wieder-Evenementer. Et ass esou ofgelaf, dass eben iwwer verschidde Medie Warnungen erauskomm sinn oder iwwer sozial Plattformen. An dat sinn net déi korrekt Plattformen, fir Warnungen erauszeginn un d'Populatioun."

Een anere Problem wier, dass d'Regierung guer net géing agesinn, dass eppes schif gelaf wier. Deemno wier et dann och schwéier, fir sech fir d'Zukunft besser opzestellen.

"Et ass esou, et ass keng onofhängeg Entitéit do, déi fir de Klima, fir d'Wëssenschaft also fir d'Wiederprevisiounen iwwerhaapt déi Consultance gëtt fir d'Regierung. Et gëtt alles intern gereegelt. An ech denken, déi Moyene sinn einfach net do, fir dass d'Leit hir Aarbecht vläicht richteg kéinte maachen. D'Fro, déi ee sech muss stellen, ass, firwat konnte mir dat net éischter gesinn an do hänkt et net un engem Wiedermodell oder just Kommunikatioun. Do feelt et wierklech u Kompetenz an Investissement an d'Fuerschung."

D'Autoritéite géingen all Kritik, dass net genuch gewarnt gi war, vu sech weisen, well et eng ze grouss Diskrepanz tëscht de Wiedermodeller ginn hätt. Dat léisst de Fuerscher awer net gëllen.

"Mat de lokale Wiederschaueren ass et ganz schwéier, eng Previsioun ze maachen, also op engem lokale Raum, wou een elo driwwer schwätzt vun engem Duerf zum aneren. Et ass elo awer esou, an dëser Katastroph konnt ee wierklech mat engem Bläistëft op enger Europakaart e grousse Krees maachen a soen, an deem Beräich geschitt eppes. An dat ass e Fakt. An ob mir elo net genuch Bescheed woussten oder ze spéit, dat ass eis eege Schold als Land an als Regierung."

Et wier och näischt Neies, dass dës Wiederphenomener méi heefeg ginn an dass se duerch de Klimawandel entstinn. De Jeff Da Costa fënnt et dofir schued, dass d'Regierung net méi mat den Experten um Terrain schwätzt. Hie selwer schafft zu Diddeleng bei RSS Hydro als Doktorand a mécht säin Doktorat op der Uni Reading an England a fuerscht do ënnert der weltwäit renomméierter Hydrologin Dr Hannah Cloke. Si beréit déi brittesch Regierung an huet den europäeschen Héichwaasser-Fréiwarnsystem mat opgebaut. D'Experte sinn do, ma et muss ee se och ëm Rot froen, sou de jonke Fuerscher.

Wei kënnen d'Leit sech besser op Héichwaasser preparéieren?

D'Biller vun dëser Katastroph hätten och gewisen, dass d'Leit net wéissten, wéi se sech solle verhalen, wann d'Héichwaasser bis do ass. Dofir misst d'Populatioun besser sensibiliséiert ginn. Dat richtegt Verhale wär natierlech ofhängeg dovunner, wéi schlëmm d'Situatioun wär, erkläert den Doktorand. Grondsätzlech soll een ni duerch Iwwerschwemmungswaasser trëppelen oder duerchfueren. Et soll een och net am Waasser stoen, wann d'Elektresch nach un ass. Saachen déi evident schéngen, mee an der Panik net géingen ëmgesat ginn.

Wat awer bedeitend méi dierft interesséieren, ass, wéi ee sech am Virfeld virun enger Iwwerschwemmung schütze kann. Dat kënne ganz einfach Reflexer sinn, wéi den Auto vum Waasser ewech op eng méi héich Plaz ze parken, hir Wäertsaachen aus dem Keller eropzedroen an eppes, wou d'Leit net géingen drun denken, nämlech wa se mat Masutt hëtzen, fir hiren Tank ze fëllen, iert d'Iwwerschwemmung kënnt. Wann den Tank nämlech net voll wär, da géing sech den Tank duerch d'Waasser hiewen a géing auslafen. Dat kéint een evitéieren, mee iwwer dës Tipps an Tricks misst d'Populatioun fir d'éischt opgekläert ginn.