Natierlech hunn d'Präisdeierecht an déi héich Energiepräisser hiren Impakt op d'Präisser vu Mëllechprodukter. D'Chiffere beleeën dëst.

Sou ass de Präis, deen d'Bauere vun de Molkereie bezuelt kréien, aktuell op 49 Cent de Kilo geklommen a wäert wuel och weider an d'Luucht goen. Mëtt zejoert waren dat nach ronn 14 Cent um Kilo manner.

Wëll d'Produzenten also méi musse vun de Molkereien kréien, ass et kloer, datt och d'Präisser vun de Mëllechprodukter weider wäerten eropgoen. Ënnert anerem sinn d'Käschte fir Dünger a Fudder geklommen, dobäi kommen d'Käschte fir d'Verpackung, déi bei de Molkereien op d'Kees drécken.

Interessant iwwerdeem ass ze notéieren, datt d'Hallschent vun der nationaler Produktioun vu Koumëllech als Frëschmëllech exportéiert gëtt.

Dës Prezisiounen liwwert den Agrarminister Claude Haagen zesumme mam Wirtschaftsminister Franz Fayot op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Gusty Graas a Gilles Baum.