Garer Quartier40 Kugele Kokain verschléckt - Drogendealer gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger grouss ugeluechter Drogekontroll e Méindeg am Garer Quartier goufen zwee presuméiert Drogendealer vun der Police erwëscht.
© RTL Archiv

Bei engem vun de Verdächtegen huet de Parquet eng klinesch Analys ordonéiert. Dat wéinst dem Verdacht Drogekugele geschléckt ze hunn. Schlussendlech konnten esou 40 Kugele séchergestallt ginn. Am Ganze goufe 60 Kokain-Kugelen, 685 Euro Boergeld an zwee Handye fonnt.

Op Uerder vum Parquet goufen zwee verdächteg Männer festgeholl a koumen nach en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet zwee Mandat d’arrêten ugeuerdent, wouropshin d’Männer an de Prisong op Schraasseg koumen.

Donieft hat sech ee vun de Männer illegal am Land opgehalen. Géint hie louch en Openthaltsverbuet fir Lëtzebuerg vir.

Back to Top
CIM LOGO