Dat huet déi héich Kierperschaft dem Staatsministère en Dënschdeg virun enger Woch schrëftlech matgedeelt.

Dës RTL-Informatioun krute mer um Donneschdeg offiziell aus dem Staatsministère confirméiert. D’Regierungsparteien hu sech dowéinst och ausser der Rei concertéiert.

Corona-Impfflicht zu Lëtzebuerg / Reportage Claude Zeimetz

Dem Jeff Feller, Chef de cabinet vum Staatsminister, no wëll Blo-Rout-Gréng uganks nächster Woch e Bréif mat konkrete Froen zu der Impfflicht un de Staatsrot schécken, amplaz vun engem Text. Et hofft een esou konkret Froe beäntwert ze kréien, ënnert wéi enge Konditiounen eng Impfflicht agefouert ka ginn a wéi d'Sanktioune sollen ausgesinn. Fir nëmmen déi ze nennen.

D'Regierung wier och optimistesch, esou awer nach zu hirem gefroten Avis ze kommen. Fir am Hierscht Zäit ze gewannen, hat Blo-Rout-Gréng am Juli decidéiert, den Text fir eng eventuell Impfflicht informell ze deposéieren a vum Staatsrot aviséieren ze loossen.

De Staatsrot huet dem Staatsminister d’lescht Woch via Courrier matdeele gelooss, datt een awer just en Avis iwwer prinzipiell gestallte Froe gëtt, respektiv iwwert e komplette Gesetzprojet, mä net iwwer en Avant-Projet de loi, deen nach guer net formell um Instanzewee ass. Dat ass bei der Fro vun der Impfflicht awer bis elo de Fall.