De 24. August huet d'Ukrain den 31. Onofhängegkeetsdag vun der Sowjetunioun gefeiert. Deen Dag war och de Krich an hirem Land scho 6 Méint am Gaang.
"Dëst Joer hu mir d'Gefill, wéi wann een eis eis Onofhängegkeet klaue wëll. Eis eist Land, eis Sprooch an eis Kultur ewechhuele wëll." Dat sot d'Inna Yaremenko, Vize-Presidentin vun der Associatioun Lukrain beim Fest zum ukraineschen Nationalfeierdag am Hesper Park.
Am Ufank wier ee sech net sécher gewiescht, ob e Fest dëst Joer iwwerhaapt ubruecht wier, mee domadder wëll een och Leit zesumme bréngen, egal ob ee réischt zanter kuerzem, oder scho méi laang zu Lëtzebuerg ass. Et wéilt een domadder och zur Integratioun bäidroen.
Op verschidde Stänn sinn traditionell ukrainesch Kleeder oder Géigestänn verkaf ginn. De Profit vum Lukrain-Stand géing fir d'humanitär Hëllef gespent ginn. Op anere Stänn konnte Kënschtler, déi wéinst dem Krich aus der Ukrain geflücht sinn, hir Aarbecht ausstellen.
Den ukraineschen Nationalfeierdag wier och schonn déi lescht Joren hei zu Lëtzebuerg gefeiert ginn, esou nach d'Inna Yaremenko. Ma dëst Joer wier et awer e ganz anert Gefill an den Zesummenhalt wier ëm sou méi wichteg.