Als "mildernd" Ëmstänn huet d’Vertriederin vum Parquet ënner anerem gëlle gelooss, datt den Ugekloten nach näischt am Casier stoen huet.

De Parquet fuerdert 30 Joer Prisong mat méiglechem partielle Sursis géint de jonke Mann, deen am Abrëll 2018 zu Bouneweg am Policedéngscht en Autoschauffer erschoss huet. Dësen hat säi Won op hien duergesteiert. Dem fréiere Polizist ass an 10 Sëtzungsdeeg de Prozess wéinst Doudschlag gemaach ginn.

Et hätt kee Polizist verdéngt, sech iwwert de Koup rennen ze loossen, sot d'Vertriederin vum Parquet e Mëttwoch de Mëtten. Mä si wier iwwerzeegt, datt den Ugeklote Fantasien hat, déi hien an der Police wollt ëmsetzen. Et hätt 8 Méint gedauert, wou hien am Déngscht war, bis et bei de Faiten dozou komm ass. Den Ugeklote wier net an enger Zone immediate de danger gewiescht an hätt sech nach kënnen a Sécherheet bréngen. Doriwwer eraus stellt si den haut 27 Joer alen Ugekloten als Manipulateur duer, dee jiddereen am Kommissariat no senger Päif danze gedoen hätt.

Normalerweis géing de Parquet liewenslänglech fuerderen. Ma d'Vertriederin hält als "mildernd" Ëmstänn zréck, datt et eng komplizéiert Matière ass, wéi e Beamte sollt reagéieren, wann en Auto op en duerfiert an datt dat géing an der Policeschoul net dacks genuch geüübt ginn. Doriwwer eraus wier hien och um Kommissariat gewäerde gelooss ginn an hätt jo de Psychologietest fir an d'Police bestanen. Well den Ugekloten awer näischt am Casier stoen huet an nach jonk ass, wier en partielle Sursis méiglech.

Aus dem Dossier géing wéi e roude Fuedem ervirgoen, datt eng Gefor vum Ugeklote géing ausgoen. Seng Phantasmen, déi hien ënner anerem duerch Biller vun Exekutiounen, déi op sengem Computer no de Faite fonnt gi sinn, auslieft, géingen net vun haut op muer verschwannen. E Psycholog hat viru Geriicht gesot, den Ugeklote wier e Voyeur wat Gewaltzeenen ugeet an him goufe sadistesch Tendenzen zougewisen.

Wou no enger knapper Stonn dem Ugeklote säin Affekot, de Maître Philippe Penning, virun déi virsëtzend Riichterin getrueden ass fir säi Plaidoyer, sot hien, e misst déif Loft huelen. De Requisitoire vum Parquet wier knackeg, kuerz a kloer gewiescht. Mä dat Wuert Stress wier net eng Kéier ze héiere gewiescht.

Hien huet nach eng Kéier opgezeechent, wéi séier déi ganz Zeen ofgelaf ass. D'Zeien, wéi och déi fréier Aarbechtskolleege soten, den Auto wier riicht op de Polizist duergefuer. "Et war säi Liewen oder deem anere säint", huet de Maître Philippe Penning ënnerstrach. An et wier d'Recht vu sengem Client, dat ze denken. Hätt hie wëlle mat Absicht een erschéissen, wéi de Parquet dat géing duerleeën, hätt e wuel mat zwou Hänn geschoss, an net mat enger, an där anerer um Funk. D'Fotoe vu Gewaltzeenen, déi beim Ugeklote fonnt gi wieren, wieren zur Dekompressioun genotzt ginn. Mee all dat géing e Mënsch dach nach net zu engem Mäerder maachen.

D'Victime hätt sech direkt e puermol der Opfuerderung vun de Policebeamten, stoen ze bleiwen entzunn. Doriwwer eraus stoung de Chauffeur ënner Heroin-, Alkohol- a Medikamentenafloss a war schonns am Dezember 2017 an eng Course Poursuite mat Farerflucht verwéckelt. Et kéint een also dovunner ausgoen, datt en eng Gefor fir anerer war. Hie stellt d'Fro wéi ee kéint wëssen, datt d'Victime deen Dag net virhat, de Polizist ze iwwerrennen a just laanscht gefuer ass, well en d'Waff gesinn huet.

D'Situatioun, also déi déidlech Schëss, wieren duerch d'Aarbechtskolleege vum Ugeklote initiéiert ginn, andeems si aus dem Policeauto gespronge sinn, fir de Mercedes-Chauffer ze kontrolléieren. A se wier vun der Victime selwer provozéiert ginn, andeems e riicht op de Polizist duergefuer wier. De Philippe Penning fuerdert deemno de Fräisproch vu sengem Mandant.

De Prozess ass um Mëttwoch nach net ganz op en Enn komm. En Donneschdeg de Mëtten geet et weider mat der Replique vum Parquet.