No VerurteelungBeim ADR - Nach keng Decisioun iwwer méiglech Konsequenze fir Roy Reding

RTL Lëtzebuerg
Den Exekutivcomité vun der ADR war um Freideg zesummen, fir driwwer ze diskutéieren, wéi eng Konsequenzen d'Urteel géint de Roy Reding soll kréien.
© RTL-Archiv

Den Deputéierte vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei ass jo an éischter Instanz zu engem Joer Prisong op Sursis verurteelt ginn. Offiziell gouf keng Decisioun geholl.

De Parteipresident Fred Keup sot, et hätt ee sech um Freideg ouni de Roy Reding beroden, ugangs d’nächst d’Woch géif een dat dann nach emol zesumme mat him maachen.

Hie géif jo souwisou och an Appell goen an da kréich “dat eng aner Suite.”

Back to Top
CIM LOGO