Et ass de bis ewell héchste Prêt, deen d'Europäesch Investmentbank enger Firma zu Lëtzebuerg ginn huet. Wou d'Suen investéiert ginn, ass och scho gewosst.

Direkt dräi nei Satellitte solle mat Hëllef vun den 300 Milliounen Euro entwéckelt, ugeschaaft a gestart ginn. Dës Satellitte sollen eng fortschrëttlech Iwwerdroe vu Videoen an e bessert Netz erméiglechen. Dat iwwert Westeuropa, Afrika an dem Noen Osten. Ronn 118 Milliounen Stéit a Frankräich, Däitschland a Westeuropa wäerte vu qualitativ héichwäerteger Tëlee profitéieren.

De Start vun de Satellitten ass fir 2024 geplangt. Gesteiert ginn dës da vun der Lëtzebuerger Zentral aus.

300 Milliounen Euro sinn net näischt. "De Volume weist, wéi eng strategesch Wichtegkeet de Weltraumsecteur fir d'EIB an d'Europäesch Unioun huet," sou den Kris Peeters, Vizepresident vun der Europäescher Investmentbank.