Lëtzebuerg verléiert 4 Plazen am Korruptiounsindex

Am neiste Rapport vun der ONG "Transparency International" kënnt de Grand-Duché elo op déi 10. Plaz.
An enger internationaler Etüd iwwer Korruptioun schneit Lëtzebuerg 2022 méi schlecht of an huet am Verglach mat 2021, 4 Plaze verluer.
Am Ganze ginn 180 Länner verglach. D'Korruptioun a Verwaltungen a Politik gëtt op Basis vun Aschätzunge vun Experten a Persounen a Féierungspositioune analyséiert. All Land kritt eng bestëmmt Punktzuel zougerechent, woubäi 0 als extreem korrupt gëllt an 100 als net korrupt.
Op der Plaz 1 ass Dänemark, ganz zum Schluss kënnt Somalia. Am meeschte Punkte verluer hunn an de leschten 10 Joer ënnert anerem d'Tierkei an Ungarn. Am Verglach mat 2012 hu se 13 Plaze verluer. Grond heifir ass "Transparency International" no de Fait, datt d'Onofhängegkeet vu Justiz, Medien an Zivilgesellschaft, déi fir d'Bekämpfung vu Korruptioun a Muechtmëssbrauch entscheedend ass, ëmmer méi ageschränkt goufen.
D'ONG kritiséiert, datt weltwäit eng Stagnatioun a Saache Korruptiounsbekämpfung ze observéieren ass. Vun 180 Länner, hunn der 155 kee signifikante Progrès gemaach. Déi global Moyenne läit deemno bei 43 Punkte vun 100.