Den neie Park am Europäesche Quartier
Déi Anlag ass ganz der Méisproochegkeet dediéiert. D'EU huet jo 24 offiziell Sproochen.
De Park ass direkt bei den Tierm vum Europäesche Geriichtshaff. Zejoert war mam Chantier ugefaange ginn. En Dënschdeg de Mëtteg um 14 Auer gouf den neie Park offiziell opgemaach.
Do, wou emol d'Jean Monnet Gebai stoung, huet dee gutt een Hektar grousse "Jardin du Multilinguisme" seng Dieren opgemaach. Um Fouss vun den 3 Tierm vum Europäesche Geriichtshaff, en temporäre Gaart, deen 2,8 Milliounen Euro kascht huet.
Bis en anere Projet op där Plaz entsteet, soll de Gaart d'Roll vun enger grénger Oase um Kierchbierg iwwerhuelen, an där sech d'Bierger déi am Quartier liewen an déi, déi schaffen wuel villen. Déi éischt 500 Visiteure kruten iwwregens eng Glace. An déi huet sécher och bei Reen geschmaacht.