Accident mat 2 Gefierer
Kollisioun tëscht dem Grondhaff an der Vugelsmillen

© Domingos Oliveira / RTL
E Mëttwoch de Mëtteg géint 14 Auer huet et um CR121 tëscht dem Grondhaff an der Vugelsmillen tëscht zwee Gefierer geknuppt. D'Strooss war gespaart.
Wéi d'Police mellt war een Auto vun der Route de Beaufort um Grondhaff op der Héicht vun engem Bauerenhaff vun der Bunn ofkomm an op d'Géigespuer geroden. Do ass d'Automobilistin frontal mat enge Mini-Bus kollidéiert. Si gouf an hirem Auto ageklemmt an ass an d'Spidol bruecht ginn, nodeems d'Secouristen si aus dem Won befreit haten.
©
Domingos Oliveira / RTL
©
Domingos Oliveira / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies