D'lescht Woch goufen als éischt 3 Polizisten an duerno nach e Véierte verhaft. Si kréie Policegewalt reprochéiert.

Wéi d'Justiz matgedeelt hat, schaffen déi 4 Beamten op engem Stater Policekommissariat. Si all koumen an Untersuchungshaft.

Hannergrond ass den Ëmgang mat enger alkoholiséierter Persoun déi den 20. Mee 2023 an d'Zell sollt bruecht ginn, fir niichter ze ginn.

Bei engem vun de verhafte Beamten, handelt et sech wuel ëm en Basketnationalspiller. D'Tageblatt hat dat als éischt gemellt.

RTL krut déi Nouvelle vum Veräin vum Spiller confirméiert. De Club wäert säi Spiller moralesch weider ënnerstëtzen, krute mer gesot. Et géif een déi zwou Saachen, Sport a Beruff, trennen. Bis en Urteel geschwat ass, gëllt d'présomption d‘innocence. De Veräin respektéiert dat an bis dohi géifen d’Dieren och opstoen, fir datt de Spiller säi Sport weider kéint maachen.