Am Kontext vun de 4 Polizisten, déi wéinst méiglecher Policegewalt verhaft gi waren, gouf et leschten Donneschdeg Perquisitioune vun der IGP bei 2 Beamten.

D'Faiten, déi deenen zwee Poliziste reprochéiert ginn, hätten näischt direkt mat den Haaptaccusatiounen ze dinn, mä et géif sech ëm méiglech Verstéiss géint d'Gesetz vu Medikamenteverkaf an der Lutte géint d'Toxikomanie handelen, hat d'Justiz wësse gedoen. D'Kolleege vum Wort kruten elo vum Parquet confirméiert, dass effektiv bei deenen Zwee doheem Cannabis séchergestallt gouf.

Bei engem wier et awer wuel reng fir den Eegegebrauch gewiescht, bei deem Zweete bestéing awer de Verdacht op richtegen Handel. Hie soll d'Drogen importéiert a weiderginn hunn.

D'Enquête wier weider um Lafen.