Déi Gréng si bei de Walen Ufanks des Mounts ofgestrooft ginn a sécher net méi an der Regierung dobäi. Hir Ministèrë wiesselen also definitiv d’Hänn.

De Bléck op d’Nominatiounen aus de vergaangenen zéng Joer weist, datt déi Gréng wéineg politesch gefierfte Conseilleren an hire Ministèren nominéiert hunn, dofir awer e puer Wichteger.

RTL

Am Staatsministère vum Xavier Bettel sinn déi meescht Regierungsberoder aktiv. Ma an der Ekonomie gëtt et déi héchste Concentration vu Premiers Conseillers.

An hirer kuerzer Zäit als Logementsministerin huet d’Sam Tanson de fréiere Fraktiounsmataarbechter a Stater Gréngen, de Mike Mathias, als Premier Conseiller de gouvernement nominéiert. Hien ass och bliwwen, wéi den Henri Kox nom Regierungsremaniement vun Oktober 2019 de Ministère iwwerholl huet. Ënnert him goufen eng Rei Reformen ugefaangen, déi ënnert anerem drop zilen, fir d’Roll vun de staatlechen Acteuren um Wunnengsmaart auszebauen an de Stock un ëffentleche Locatiounswunnengen ze vergréisseren. Eng Politik, déi virun allem d’CSV an der Walcampagne staark kritiséiert huet. Si wëll Mesuren huelen, déi privat Investisseuren a Locatiounswunnengen e bessere Rendement erméiglechen, fir datt si méi investéieren.

Am Logement an an der Energie huet eng CSV-DP-Koalitioun aner Prioritéiten

Eng aner ëmstridde Personalie ass de Premier Conseiller am Energieministère, den Olaf Münichsdorfer, dee scho fir den Europadeputéierte Claude Turmes geschafft huet. Nodeems de Claude Turmes Energieminister gi war, hat den Exodus vu Mataarbechter aus der Energiedirektioun Schlagzeile gemaach. Den Olaf Münichsdorfer war beispillsweis och ee vun de grousse Kritiker vun der schlussendlech geplatzter Installatioun vu Knauf zu Lëtzebuerg.

Wann d’Aarbechtsgruppen, an deenen DP an CSV mateneen ëm e Koalitiounsaccord verhandelen, eng Indikatioun sinn, da gehéiert fir si d’Energie- an d’Industriepolitik nees beieneen, déi, anescht wéi d’erneierbar Energien, am Aarbechtsgrupp "Ekonomie" diskutéiert ginn.

D’Kommunikatioun am deem Energieministère vum Claude Turmes gëtt vun der Lisa Bohler, Member bei déi Gréng Stroossen, gemaach, déi allerdéngs kee Conseillersposten huet.

Eng politesch Nominatioun am Ëmweltministère

Déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat den Thomas Schoos als Conseiller de gouvernement an de Ministère erageholl, dee Member bei déi Gréng a bis zu senger Nominatioun och Vertrieder vun der Partei a berodende Kommissioune vun der Stad Lëtzebuerg war. Berufflech huet den Thomas Schoos näischt mam Environnement ze di gehat, mee huet viru senger Nominatioun Kommunikatioun gemaach. Do dernieft huet d’Carole Dieschbourg keng Conseillersposte politesch besat respektiv mam André Weidenhaupt e Premier Conseiller gehalen, dee schonn ënnert dem Ëmweltminister Lucien Lux vun der LSAP geschafft huet. *

An der Defense war ënnert dem François Bausch de grénge Parteimember a fréiere parlamentaresche Mataarbechter am EU-Parlament, den Tom Koeller, Direkter ginn. Den Tom Koeller hat allerdéngs duerch fréier Statiounen am Laf vu senger diplomatescher Karriär Experienz an deem Beräich an ass antëscht och nees weidergezunn. D’Nina Garcia, déi d’Koordinatioun an der Defense mécht a vum François Bausch zur éischter Regierungsberoderin nominéiert gouf, war, anescht wéi d’Nuria Garcia, net bei deene Gréngen engagéiert an och schonn an där Direktioun, ier de François Bausch Minister gouf.

De François Bausch huet an der Mobilitéit de grénge Verkéiersplaner Christoph Reuter zum Premier Conseiller de gouvernement gemaach. Seng aner enk Beroder an deem Ministère, wéi den Tom Weisgerber oder d’Félicie Weycker, hu scho säi Virgänger vun der CSV, de Claude Wiseler, do beroden.

Keng Parteikolleege an der Kultur an an der Justiz

De Jo Kox, der Sam Tanson hiren éischte Regierungsberoder am Kulturministère, huet - trotz familiäre Lienen zu anere grénge Politiker - keng Parteikaart. Hien hat ënnert dem deemolege Kulturminister Xavier Bettel (DP) den Optrag kritt, de Kulturentwécklungsplang ze koordinéieren.

D’Sam Tanson huet an der Kultur an an der Justiz keng Conseilleren aus hirer Partei nominéiert. Am Justizministère hat si lo um Enn kee Premier conseiller, dofir awer mat Claudine Konsbruck, Laurent Thyes a Gil Goebbels Beroder, déi bei der CSV, respektiv der LSAP aktiv waren oder sinn.

Wéi eng Partei huet déi meeschte Conseilleren?

Alles an allem sinn déi Gréng déi Partei, déi mat 25 Conseilleren am mannste Regierungsberoder an hire Ministèren am Déngscht hunn. Am meeschte Conseilleren, 35, schaffe fir DP-Ministeren – eleng am Staatsministère ënnert dem Xavier Bettel sinn et aacht Stéck.

*als Direkter vun der Waasserverwaltung.

RTL

An de Regierungsdepartementer, déi d'DP dirigéiert, ginn et alles an allem déi meescht Regierungsberoder, zéng méi wéi an deene "gréngen".

Ma och d’LSAP kënnt op 31 – hei konzentréiere sech mat jeeweils siwe Stéck vill Conseilleren am Wirtschaftsministère an am Interieur. An der Santé an um Aarbechtsministère sinn et der jeeweils véier. Bei deene grénge Ministèrë läit d’Ëmwelt mat sechs Conseilleren a verschiddene Räng vir, an der Mobilitéit an den Travaux publics sinn et der fënnef.

An engem weideren Artikel wäert et deemnächst ëm d’Nominatiounen an DP-Ministèrë goen.