D'Beamtekarussell dierft geschwënn dréinen

Wann d’Koalitioun wiesselt, dréit d’Karussell vun den héije Beamten. Dat hunn d’Erfarunge vun 2013 gewisen.
De Bléck op d’Nominatiounen aus de vergaangene Jore weist, datt virun allem verschidden LSAP-Minister a Ministerinnen hir Ministèrë mat Parteimemberen oder perséinleche Schützlinge besat hunn. Si riskéieren, hir Positiounen ënner neien DP- oder CSV-Ministeren ze verléieren, wann déi sech hir eege Vertrauensleit zur Säit huelen, respektiv eng aner politesch Richtung wëllen aschloen.
Aarbechtsministère fest a rouder Hand
Dobäi fält virun allem den Aarbechtsministère op, deen déi lescht zéng Joer a sozialistescher Hand war. Als éischt ënnert dem Nicolas Schmit, dunn ënnert dem Dan Kersch an elo zum Schluss ënnert dem Georges Engel. Den Dan Kersch huet an deem Ministère "senger" Leit placéiert. Den aktuelle Coordinateur général, Tom Oswald, huet fréier fir d’Gemeng Monnerech geschafft, wou den Dan Kersch Buergermeeschter war.
De Bob Greis an de Pierre Hobscheit, Allenzwee Conseilleren am Cabinet vum Aarbechtsministère, sinn zu Sandweiler respektiv zu Déifferdeng fir d’LSAP aktiv. De leschte Conseiller am Cabinet vum Aarbechtsministère ass de Claude Tremont, fréieren LSAP-Fraktiounsmataarbechter.
D’Erfarunge vum leschte Koalitiounswiessel 2013 weisen, datt net all nei Ministeren de Staff vun de Beamten ausgetosch hunn. Ma besonnesch wat d’Aarbechtsrecht ugeet, gëtt et gréisser ideologesch Differenzen tëscht der LSAP, déi Walcampagne mat enger Aarbechtszäitverkierzung gemaach huet an der warscheinlech neier Regierungskoalitioun vun CSV an DP. Si si méi en Faveur vun enger Aarbechtszäitflexibiliséierung, wéi enger Reduktioun bei vollem Lounausgläich, wat éischter d’Patronen, wéi déi Beschäftegt arrangéiert.
Den aktuelle Coordinateur vum Sozialversécherungsministère, den Abilio Fernandes Morais, e Sozialist vu Mamer, kënnt och aus dem Aarbechtsministère, wou hien ënnert dem Nicolas Schmit geschafft huet.
De Sportsministère
Am Sportsministère ass d’Vanessa Tarantini, Bezierkspresidentin vun der LSAP Süden, Première Conseillère de gouvernement ginn, nodeems de Georges Engel d’Rudder iwwerholl huet. Si huet de Laurent Deville am Cabinet vum Minister ersat. Deen hat décke Kaméidi mam Sportssecteur, wéinst der Bezuelung vun den Trainerstonnen.
Dee Laurent Deville war eng Besetzung vum Dan Kersch, si haten als President a Generalsekretär vum Syvicol zesummegeschafft. Den Thierry Wagner, weidere Member am Cabinet vum Sportsministère, ass zu Déifferdeng an der LSAP.
Vill LSAP am Inneministère
Ma och am Inneministère sinn iwwert d’Joren eng ganz Rei LSAP-Leit ënnerkomm. Den Direkter vum CGDIS, de Paul Schroeder, hat zwar schonn ënnert dem CSV-Minister Jean-Marie Halsdorf e Sprong an der Karriär gemaach. Hien ass Member an der LSAP zu Betzder.
Der Taina Bofferding hiren éischte Beroder Alain Becker ass en Diddelenger Sozialist, dee schonn ënnert dem Dan Kersch zum Conseiller gouf. D’Taina Bofferding léisst esouwuel hir Kommunikatioun am Inne- wéi am Gläichstellungsministère vu Parteikolleege maachen. Engersäits vun der Nathalie Schmit, déi an der Parteileedung ass, anerersäits vum Sascha Dahm, Sekretär vun der Stater LSAP-Sektioun.
Parteifrënn an der Kooperatioun an an der Ekonomie
Den Nach-Minister Franz Fayot huet virun allem an der Kooperatioun op Vertrauensleit gesat. De Coordinateur vum Ministère, de Christophe Schiltz, ass zwar dëst Joer net méi fir d’LSAP mat an d’Wale gaangen, sëtzt awer fir d’LSAP am Staatsrot, wou hie President ass. Deen anere Parteifrënd, Manu Tonnar, deen dëst Joer an der Stad mat an d’Gemengewale war, gouf vum Franz Fayot als Direkter vun der Agence Luxdev genannt.
Dem Franz Fayot säi Virgänger am Wirtschaftsministère Etienne Schneider hat do eng Rei Beroder an de Rang vu Premier conseiller de gouvernement promovéiert, déi net parteipolitesch zouzeuerdne sinn. Mä hien huet och den LSAP-Mann Frank Reimen no senger onglécklecher Episod als Cargolux-CEO als Haut Commissaire à la Protection nationale als Premier Conseiller an den Ekonomiesministère geholl. Dat Mandat vu siwe Joer leeft iwwregens am Prinzip an e puer Deeg aus. Kuerz virun de Walen 2018 hat den Etienne Schneider och den Escher Sozialist Pierre Rauchs op dee Rang promovéiert.
Seng fréier Staatssekretärin Francine Closener, déi bei de Walen 2018 net direkt an d’Chamber gewielt gi war, war kuerzfristeg mat engem Posten als Première Conseillère, zoustänneg fir Nation Branding, virum Chômage gerett ginn, ier si an d’Chamber nogeréckelt war. Op der anerer Säit hat hien awer och de Pierre Barthelmé nees an de Service reintegréiert an zum President vun der Konkurrenz-Autoritéit gemaach. Dat obwuel deen als éischt eng disziplinaresch Prozedur kritt hat, well e fir seng Walcampagne fir d’Chamberwalen 2013, wou hie fir d’CSV ugetruede war, Adressen aus dem nationale Persouneregëster kopéiert hat.
Doriwwer eraus dierft et spannend ginn, wien d'Santé vun der LSAP iwwerhëlt. Net nëmme well CSV an DP eng Gesondheetspolitik en Faveur vun de liberalen Doktere favoriséieren. Mä och, well den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit jo bei de Chamberwale fir d’LSAP an d’Course gaange war.
Ëmmer méi Conseilleren
Zu Lëtzebuerg gëtt et, anescht wéi an anere Länner, keng politesch Cabineten, also Mataarbechter, déi mam Minister oder der Ministerin kommen a ginn. Allerdéngs gëtt et d’Méiglechkeet, Conseillere laanscht de Concours vun der Fonction publique ze rekrutéieren. E groussen Deel, ma net all d’Leit, déi an dësem Artikel genannt sinn, beleeën esou Posten. D’Regierung kann awer net onbegrenzt iwwert dee Wee Leit op Decisiounsposten nominéieren. Mat der neier Verfassung ass et zanter dem leschte Juli dat modifizéiert Gesetz vum 31. Mäerz 1958, dat d’Zuel vun deene Beamten op maximal 150 festsetzt. Och ënner hinne gëtt et eng Hierarchie. Ganz uewe stinn d’Generaladministratoren, där et aktuell keng gëtt. Iwwer de Reglement interne vun der Regierung ass d’Zuel vun de Generaladministratoren de Moment op sechs limitéiert. No hinne kommen d’Premiers conseillers de gouvernement oder éischt Regierungsréit, déi fir siwe Joer genannt ginn, an där et maximal 58 kënne ginn. Do drënner kommen d’Conseillers de gouvernement 1ère classe, där maximal 35 kënne genannt ginn, dann déi "normal" Conseillers de gouvernement, där et 18 kënne ginn an zu gudder Lescht d’Conseillers de gouvernement adjoints, där néng kënne genannt ginn.
Contingent vu Premiers Conseillers bal vollZanter dem Koalitiounswiessel 2013 huet déi blo-rout-gréng Koalitioun ëmmer nees d’Legislatioun geännert, fir méi Conseillere kënnen ze nennen. De Contingent huet sech zanter dem Enn vun der Ära Juncker mat 150 Beamte bal verduebelt. Op Nofro heescht et aus dem Staatsministère, den Ament géif et 48,7 Premiers Conseillers de gouvernement, 23,5 Conseillers de gouvernement 1ère classe, 12,8 Conseillers de gouvernement an dräi Conseillers de gouvernement adjoints ginn.
Dës Donnéeë stëmmen net mat den eegene Recherche vun RTL iwwerteneen, no deenen et aktuell 51* éischt Regierungsréit gëtt, 23 Conseillers 1ière classe a véier Conseillers adjoints. Dës Differenze gi méiglecherweis drop zréck, datt de Mémorial B, wou d’Nominéierungen an d’Demissioune publizéiert ginn, net ganz à jour oder vollstänneg ass. No der Publikatioun vun dësem Artikel schafft de Staatsministère aktuell dorun, seng Lëscht vun de Conseilleren, déi aktuell nominéiert sinn, dateschutzkonform ze maachen, fir se kënne matzedeelen.
Fir déi convoitéiert Poste vun den éischte Regierungsréit géif dat fir déi nei Koalitioun awer op jidder Fall bedeiten, datt de Contingent bal voll ass, wa si nei Leit wéilten nominéieren, wouru virun allem d’CSV dierft interesséiert sinn.
*Dësen Artikel gouf no enger éischter Versioun geännert, fir der aktueller Positioun vum Staatsministère Rechnung ze droen, datt et eng Lëscht vun de Conseillere gëtt. Och beim Alain Becker ass et d'Richtegstellung, dass dësen ënnert dem Dan Kersch zum Conseiller gouf.
Wéi d'Verdeelung vu Poste bei der DP, respektiv Déi Gréng ausgesäit, gesi mer dann an den nächste Reportagen.