Opgepasst
Nees eng falsch SMS vun Onéierlechen ënnerwee

© Envato Ttereza
Am Ament geet erëm eng SMS ronderëm, déi ausgesi soll, wéi wa se vun den eegene Kanner kënnt, déi ëm Hëllef froen.
Wann een esou eng SMS kritt, soll een op kee Fall op de Link klicken oder op d'Nummer, den +352 691 729 152, uruffen. Onéierlecher probéieren iwwert dëse Wee u perséinlech Daten ze kommen.

Am meeschte gelies