Alerte Orange fir den Norde vum LandBis en Donneschdegmëtteg kënne ronn 10cm Schnéi falen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Mëttwoch virun allem d'Glatäis eng Gefor duergestallt huet, warnt Meteolux fir en Donneschdeg viru Schnéi.
© RTL Grafik / Shutterstock

Fir den Norde vum Land gëllt vun e Mëttwoch den Owend 22 Auer bis en Donneschdeg de Mëtteg eng Alerte Orange. Wéi et vu Meteolux heescht, kënnen op Plaze eng 10 Zentimeter Schnéi falen.

Am Süde vum Land sinn tëscht en Donneschdeg Hallefnuecht an 12 Auer en Donneschdeg de Mëtteg ronn 5 Zentimeter Schnéi méiglech. Dowéinst gëllt hei eng Alerte Jaune.

© Screenshot Meteolux

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO