D'Escher Police krut e Méindeg den Owend dräi verdächteg Persoune gemellt, déi mat Gewalt an e Gebai um Boulevard des Lumières agedronge sinn.

D'Beamte konnten déi dräi Verdächteg spéider am Gebai stellen a Persounekontrollen duerchféieren, woubäi e Pak Haschisch séchergestallt gouf. Kuerz duerno gouf d'Wunneng vun engem vun de Verdächtegen duerchsicht, eng gréisser Quantitéit Heroin a méi kleng Quantitéiten u Kokain a Cannabis goufe fonnt. De presuméierte Besëtzer vun den Droge gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.

Eng weider Festnam an Zesummenhang mat illegalem Drogebesëtz gouf et schonn e Samschdegowend, dat och zu Esch. E Mann hat hei eng Plainte um Policebüro deposéiert, well hie vun zwou anere Persounen aggresséiert gouf. D'Police huet dobäi festgestallt, datt de Geschiedegte selwer engem Signalement ënnerlouch. Bei enger uschléissender Kontroll goufen a sengem Rucksak Opioide fonnt. De Mann koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.