
Am Ganze goufe 85 Persoune kontrolléiert, wéi d’Police matdeelt. Bei e puer Persoune goufe kleng Quantitéite Marihuana, Haschisch an MDMA fonnt. Och eng Matraque gouf séchergestallt a bei 8 Persoune goufen nach d’Pabeiere gekuckt.

Sechs Persounen hate keng Openthaltsgeneemegung an zwou goufen der am Centre de rétention ënnerbruecht.
89 Policebeamte vu verschiddene Kommissariater waren um Asaz bedeelegt, grad ewéi Beamten vun der ITM.