Eng palästinensesch-lëtzebuergesch Koppel huet erreecht, datt en Deel vun hirer Famill d'Gazasträif verloosse konnt.

En éischte Succès, deen d'Famill 20.000 Dollar kascht huet. Hir Situatioun bleift awer héchst prekär. Ob hir Familljemembere kënnen op Lëtzebuerg kommen, ass bis elo onkloer.

Palästinenser mat Lien zu Lëtzebuerg / Reportage Fanny Kinsch

Zanter Méint probéieren d'Heba Nasser an hire Mann, hir Famill aus Gaza eraus ze kréien. Hire Mann, dee selwer Lëtzebuerger ass, huet am Januar eng Demande fir eng Famillje-Reunifikatioun fir säi Papp gemaach, d'Heba Nasser fir hir Elteren an hir Schwëster. Hir Demandë goufe refuséiert.*

"Mir hu geduecht, souguer wann eis Dokumenter net géingen duergoen, da géinge si fir aner Beweiser froen, da géinge si no deenen Dokumenter froen, déi feelen. Mä dat hu se net gemaach a si hunn eis Demande a manner wéi enger Woch refuséiert."

Virun enger Woch hunn d'Heba Nasser an hire Mann iwwert hiren Affekot e Recours gracieux géint de Refus un den Inneminister geschéckt.

Et gouf an de leschte Wochen iwwerdeems eng grouss Entwécklung: D'Koppel, d'Elteren an d'Schwëster sinn an Ägypten. Nodeems si keng aner Léisung fonnt hunn, huet d'Koppel 20.000 Dollar un eng Entreprise bezuelt, déi Evakuatioune koordinéiert, fir hir Famill iwwert d'Grenz ze kréien. Dobleiwen dierfe si allerdéngs net.

"Si hunn e Visa, e Stempel op hire Reesdokumenter, well si hunn hir Päss verluer, wou eist Haus zerstéiert gouf. Mat deem Visa dierfe si net méi wéi 40 Deeg an Ägypten bleiwen. Mä mir wëssen nach ëmmer net, wéi laang eis Famill heibleiwe wäert."

An der Tëschenzäit ass den Accès op d'medezinesch Versuergung staark ageschränkt, well si keng permanent Openthaltsgeneemegung an Ägypten hunn. E Problem, besonnesch fir hire kranke Schwéierpapp an hir häerzkrank Mamm.

"Meng Mamm, souguer wa si géing heibleiwen, kritt si net déi medezinesch Versuergung, déi si brauch. A mäi Papp huet och gesondheetlech Problemer, wéinst de Bombardementer héiert hien net méi gutt."

D'Koppel huet den Inneminister gefrot, fir hire Familljemember en exzeptionellen humanitäre Visa auszestellen. Et wéilt een, datt den Dossier dréngend gekuckt gëtt.

Eng Äntwert krute si bis elo net.

Et ginn awer och nach aner Leit, ëm déi d'Koppel sech Suerge mécht. Geschwëster an hir Partner, Niessen an Neveuen - d'Heba Nasser schwätzt vun 20 weidere Familljememberen.

"Wa mir mat hinne schwätzen, froe si eis nach ëmmer, fir si z'evakuéieren, well de Geroch vum Doud ass iwwerall an et ass keng Zukunft do. An ech wëll meng Neveuen an Niessen erëmgesinn an an den Aarm huelen. Si si gescheit, si missten an der Schoul sinn. Si hunn Ambitiounen, si hunn Dreem, an elo hu si keen Accès op Gesondheet. Si hu keen Accès op Educatioun. Si hu keen Accès op Iessen. Dat sinn hir Grondrechter a si hu keen Accès op hir Grondrechter."

D'Hoffnung op Hëllef vun der Regierung hätt si verluer, seet d'Heba Nasser. Si géing elo versichen, Suen ze sammelen, fir och de Recht vun hirer Famill evakuéiert ze kréien.

*Den Inneministère hat op eis Nofro gesot, vun dräi Demandë fir e Regroupement familial vu Leit aus Gaza wier eng refuséiert ginn, well d’Konditiounen net erfëllt waren. Wéi mir op widderhuelt Nofro erausfonnt hunn, consideréiert de Ministère déi 2 Demandë vun der Koppel als een Dossier.