Ee Refus bei dräi Ufroe vu Persounen aus Gaza

Vill Bewunner vun der Gazasträif liewen aktuell a Flüchtlingscampen an der ëmkämpfter Regioun. Hei e Camp zu Rafah. / © Said Khatib / AFP
Well d'Konditioune fir de Familljeregruppement net erfëllt waren, huet eng Ufro, fir d'Famill aus Gaza op Lëtzebuerg ze kréien, misste refuséiert ginn.
Dräi Persounen aus Gaza hu bis elo e Regruppement familial bei der Immigratiounsdirektioun ugefrot. An engem Fall gouf et e Refus, well d'Konditiounen net erfëllt gewiescht wieren an déi aner zwee Fäll ginn nach traitéiert. Dat krute mir op Nofro vum Inneministère matgedeelt. E Familljeregruppement kënnen Auslänner aus Drëttstaate net fir all Familljemember ufroen.
Dat geet just fir Partner, wa si bestuet sinn oder hir Partnerschaft agedroen ass, a fir Kanner. Mannerjäreg Flüchtlinge kënnen och fir hir Elteren de Familljeregruppement ufroen. A verschiddenen anere Fäll kann den zoustännege Minister eng Zesummeféierung autoriséieren, wann den Demandeur méi wéi 12 Méint am Land ass. Dat fir d'Elteren, wa si an deem Land, an deem si sinn, net déi néideg familiär Ënnerstëtzung hunn, an erwuesse Kanner, wa si aus Krankheetsgrënn net eleng eens ginn. Mannerjäreg Flüchtlinge kënnen och mat anere Familljemember zesummegeféiert ginn, wa si keng Famill an direkter Linn hunn.
D'Immigratiounsdirektioun wier och vu Leit kontaktéiert ginn, déi Familljemember baussent der Prozedur vum Regroupement familial wollten op Lëtzebuerg bréngen, esou den Inneministère. Do kéint awer just eng Autorisatioun ausgestallt ginn, wann d'Leit déi néideg Konditiounen erfëlle géingen, an et géing keen Evakuatiounsmechanismus ginn, fir hinnen d'Ausrees aus Gaza z'erméiglechen.
Vum Ausseministère heescht et op eis Nofro, et wier ee sech der Gravitéit vun der Situatioun bewosst a wier och a Kontakt mat de Betraffenen hei am Land, déi Famill a Gaza hunn. Donieft géing sech den Ausseministère mat aneren EU-Länner austauschen, fir um Lafenden ze bleiwe vu méiglechen Evakuatioune vu Palästinenser ouni duebel Nationalitéit aus Gaza an d'Demarchen, déi domat zesummenhänken. D'Méiglechkeete wieren do awer ganz limitéiert an et wiere bis elo bal nëmme Palästinenser mat duebeler Nationalitéit evakuéiert ginn. Nieft de schwierege Konditiounen, fir Leit aus Gaza erauszekréien, verweist den Ausseministère drop, datt déi Concernéiert mussen eng Openthaltsgeneemegung hei am Land hunn.
D'Situatioun vun de Familljen an der Gazasträif mat Lienen zu Lëtzebuerg steet haut iwwerdeems um Ordre du jour vum Regierungsrot.