Déi katastrophal humanitär Situatioun léisst och deene keng Rou, déi net méi an der Gazasträif wunnen awer nach Famill do hunn.

Fir si zielt elo nëmmen nach, hir Léifst iergendwéi aus dem Krichsgebitt erauszekréien. Mee si musse feststellen, dass dat net einfach ass. Zwou Betraffener hunn eis erzielt, wat si erliewen.

D'Heba Nassar an d'Ishraq Othman sinn zwou Fraen ëm déi 30, déi de Gaza fir hir Studie verlooss hunn. D'Heba ass zanter dem leschte Joer hei am Land a schafft als Finanzberoderin, d'Ishraq schonn zanter 2021 an ass mat engem Doktorat amgaangen.

Scho virdru wier d'Liewen an der Enclave schwiereg gewiescht, erzielt d'Ishraq Othman. D'medezinesch Versuergung wier schlecht gewiescht, wien e spezialiséiert Traitement gebraucht huet, huet misse laang op eng Erlabnis waarden, fir de Gaza iwwert ee vun den zwee Grenziwwergäng ze verloossen, soudass vill Patiente scho virdru gestuerwe wieren.

Besonnesch Suerge mécht déi jonk Fra sech elo ëm hir kleng Schwësteren an Niessen, déi eelst ass 12 Joer al. Siwe Mol wiere si ënner Bommenattacke lo schonn evakuéiert ginn. De Krich hätt hinnen hir Zukunft geholl: "Si hu keng Zukunft, well si waren zanter bestëmmt engem ganze Semester net méi an der Schoul. Eis Kanner sinn och intelligent, si si clever. Ech fannen, dass si eng Chance op d'Liewe verdéngt hunn. Si mussen d'Recht op hiert Liewe kréien."

Déi jonk Fra hofft, si aus dem Krichsgebitt erauszekréien. Grad wéi d'Heba Nassar. Si huet am November eng Demande gemaach, fir hir Famill z'evakuéieren. Den Ausseministère hätt hir gesot, si kéint héchstens eng Demande maachen, fir just hir Elteren op Lëtzebuerg ze bréngen. Ma och déi wier no e puer Deeg refuséiert ginn. D'Heba Nassar fäert besonnesch ëm hir Mamm, déi krank ass a Medikamenter brauch:

"Dat ass dat mannste Recht, dat e Mënsch sollt hunn: en Accès op Medikamenter, Accès op Gesondheet, Accès op Educatioun asw. Accès op Gesondheet. Meng Mamm brauch Medikamenter! Wéi kann ech hir déi organiséieren, wärend ech hei sëtzen, zu Lëtzebuerg, op engem anere Kontinent. Muss ech hir beim Stierwen nokucken? Erwaart Dir dat vun eis?"

Am Moment géing et fir hir Famillje just ëm d'Iwwerliewe vun Dag zu Dag. Kee wéisst, ob si eng Zukunft am Gaza hunn.