Mam Ofrappe vun enger Partie Haiser gëtt zu Clierf de Wee fir eng Vergréisserung vum Lycée fräigemaach.

Schonn am September 2018, wéi de Clierfer Lycée Edward Steichen seng Diere fir eppes méi wéi 200 Schüler opgemaach hat, gouf vun engem Ausbau geschwat. Elo schéngt et an deem Dossier eescht ze ginn. Wien an der Abteistiedchen duerch d'Route de Bastogne fiert, deem falen an der Géigend vum Lycée dräi Eefamilljenhaiser op, déi preparéiert ginn, fir se ofzerappen.

RTL

© Marc Hoscheid

Op Nofro beim Ministère des Travaux publics heescht et, datt d'Gebaier vum Staat am Kader vun der Extensioun vum Lycée kaaft goufen. Aktuell géingen d'Virbereedungsaarbechte fir d'Ofrappe lafen. Vum Clierfer Buergermeeschter Georges Keipes huet et iwwerdeems och geheescht, datt sech an der Lescht Persounen an de Gebaier installéiert gehat hätten, déi deels fir Problemer gesuergt hätten. Dowéinst hätt een als Gemeng de Ministère gebieden, d'Haiser onbewunnbar ze maachen.

Wat den Ausbau vum Lycée ugeet, sou si 36 weider Schoulsäll, 17 speziell Säll, 4 Atelieren, ee Fitnessraum, ee Verwaltungsgebai an ee Restaurant mat 220 Plaze geplangt. Mam Ausbau géinge Capacitéite fir 780 Schüler op enger Fläch vu 14.700 Quadratmeter geschaaft. Den Avant-projet détaillé géing aktuell finaliséiert.

An der Lescht hat de Lycée Edward Steichen éischter fir negativ Schlagzeile gesuergt. Den Direkter Jean Billa war am Oktober d'lescht Joer suspendéiert ginn an et gouf eng disziplinaresch Prozedur an d'Weeër geleet. Verschidden Elementer goungen un de Parquet. Den 19. Oktober gouf et eng Perquisitioun beim Beschëllegten doheem, bei där Waffe vun de Kategorien A a B fonnt a saiséiert goufen. Et géifen Hiweiser, datt géint Dispositioune vum Waffegesetz verstouss gi wier. Ob et och zu Infraktioune géint d’Droge-Gesetzer komm ass, géif analyséiert, hat et vum Parquet Mëtt November geheescht. Op Basis vun enger zweeter Denonciatioun duerch den Educatiounsministère gouf de 25. Oktober eng Instruction judiciaire opgemaach an an där hirem Kader de 27. Oktober an den 2. November Perquisitioune beim Mann doheem an am Lycée Edward Steichen zu Clierf duerchgefouert. Et bestéing de Verdacht, datt ëffentlech oder privat Suen detournéiert goufen. Wärend de Parquet op d'Présomption d'innocence verweist, bestreit de Jean Billa all d'Virwërf. Wou den Dossier haut genee drun ass, ass net gewosst.

Aktuell ass de Max Wolff Direkter faisant fonction am Lycée Edward Steichen.