Xavier Bettel ersetzt de Jean Asselborn als beléiftste Politiker
Wiessel un der Spëtzt vum Politmonitor, deen d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert huet.
Ouni de Jean Asselborn, dee jo jorelaang un der Spëtzt vum Politmonitor vertruede war, geet d'Nummer 1 elo net méi un d'Sozialisten, ma trotzdeem nach ëmmer un een Ausseminister.
Beléiftste Politiker am Land ass elo den DP-Vize-Premier Xavier Bettel mat 79 Prozent. Direkt hannendrun d'LSAP-Politikerin Paulette Lenert mat engem Prozentpunkt manner an op Plaz 3 dann den aktuelle Premier Luc Frieden, dee ganzer 9 Prozentpunkte par rapport zum Juli 2023 bäigeluecht huet. Gréisste Verléierer an trotzdeem op Plaz 4 am Ranking ass d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
D'Manon Breden vun Ilres erkläert:
"Si verléiert 10 Punkten. Gläich vill op der Sympathie an op der Kompetenz an ass doduerch elo nees bal op hirer Moyenne vu virun zwee Joer. Aner gréisser Verléierer ginn et keng. Mee mir hunn nach ee Franz Fayot, Minus 3. Minus 2 fir de Serge Wilmes an de Georges Mischo an och Minus 3 fir de Claude Meisch. Dee verléiert éischter op der Sympathie wéi op der Kompetenz."
Allgemeng géing ee gesinn, dass d'Wieler éischter positiv agestallt sinn, well net vill Politiker Prozentpunkte verléieren.
"Gréisser Gewënner fanne mir virun allem bei der CSV. D'Martine Hansen, déi déi gréisste Gewënnerin ass iwwerhaapt mat Plus 12 Punkten. Och e Gilles Roth, dee Plus 10 gewënnt an ee Luc Frieden, dee Plus 9 gewënnt."
Och d'Oppositiounspolitiker leeë bäi. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser kritt 3 méi, de Pirat Marc Goergen 2 an d'LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding 1. Déi 4 Deputéiert vun Déi Gréng hu sech donieft alleguer verbessert.
„Déi eng méi, déi aner manner. D'Sam Tanson rutscht mat Plus 7 zeréck an eis Top 10. Och de François Bausch a Meris Sehovic schneide gutt of, allen zwee mat Plus 8 Punkten. Fir de François Bausch ginn et notamment Pluspunkten op der Kompetenz [+12 Prozentpunkten, ndlr.] an d'Joëlle Welfring gewënnt och Plus 2."
Duerch de Regierungswiessel goufen et natierlech eng ganz Rei Ännerungen. 11 Politiker sinn dofir nei am Politmonitor mat derbäi.
„Zum Beispill konnte mir feststellen, dass ee Max Hahn, Liz Braz, Marc Spautz oder Christophe Hansen natierlech schonn eng vill méi héich Notorietéit hu wéi elo een Alexandra Schoos, Christian Weis oder Eric Thill."
Allgemeng fält deemno op, dass déi nei Gesiichter sech gutt positionéiert hunn, virop déi jonk LSAP-Deputéiert Liz Braz an d'Quereinsteigerin Martine Deprez (CSV).
An den Top 10 mat derbäi sinn op Plaz 5 den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles an duerno deele sech véier Politiker déi 6. Plaz. Dat sinn d'Sam Tanson, de Pirat Sven Clement, d'Martine Hansen an d'Taina Bofferding. De Chamberpresident Claude Wiseler kënnt op déi 10. Plaz.
Entwécklung iwwer d'Zäit: Esou schneiden déi eenzel Politiker of
*Dir kënnt op déi eenzel Punkten an Nimm klicken.