Den Ouschterfridden duerch de Politmonitor

© RTL
Am éischte Politmonitor vun der Ära Frieden ginn et also scho verschidden Scoren, déi iwwerraschen - de Roy Grotz hält sengem Tëscheruff awer virop Mol fest, datt vill agesiess Politiker fest am Suedel sëtzen...
Sou wéi d'Paulette Lenert, déi hir zweet Plaz ouni Probleem verdeedegt a just nach den Ex-Premier Bettel quasi ex-aequo virun sech huet, ob dat de Premier Frieden iergert oder net, mä et ass schonn remarkabel, datt eng fréier Ministesch aus der Oppositioun eraus an ouni mat an d'EU-Walen ze goen, hiren Estime sou bei de gefrote Leit behält. D'Integritéit schéngt sech auszebezuelen, dat gëllt och fir déi aner Politiker, déi am Top Ten bliwwe sinn: Sief et de Lex Delles, d'Taina Bofferding, de Sven Clement oder och de Claude Wiseler. Alleguer goufe se plebizitéiert a kënnen zefridden an eng friddlech Zukunft kucken Dat gëllt natierlech absënns fir d'Agrarministesch Martine Hansen - de Favorit bei de Baueren mat engem Plus vun 12 Punkten an domat dem Sprong vun der Plaz 18 op d'sechst Plaz - et bleift ofzewaarden, wéi laang hei d'Léift vu Baueren a Wënzer unhält oder awer den europäeschen Realitéiten wäert muss wäichen.
Genee sou remarkabel ass natierlech de Minus 10 fir d'Lydie Polfer, déi trotz deem Entzuch vun Kompetenz- an Sympathie-Tauxen sech daper op der véierter Plaz am Politmonitor hält an dat ouni vill mussen ëm d'Gonscht vun de Leit ze heeschen - idem fir de Policeminister Gloden, deen em 2 Punkten bei der Sympathie wënnt a bei 31 % am leschten Drëttel vum Ranking lant.
Bei den 13 gefroten CSV-Politiker verléiere just d'Ministere Wilmes a Mischo liicht - nämlech 2 Punkten, iwwerdeem Gilles Roth an Elisabeth Margue ferm wannen.
Op der Gewënnersäit ass och déi jonk rout Allrounderin Liz Braz, déi aus dem Stand op 48 % kënnt an domat labber am éischten Ulaf d'Parteipresidenten an den Ex-Minister Fayot hannert sech léisst. Spannend ze gesinn, wéi d'Madamm Braz an den EU-Walen ofschneit an ob si da bei engem Mandat fir d'LSAP effektiv och an d'EU-Parlament wiesselt.
Déi Gréng hunn e minimmen Trouscht fir aus der Regierung erausgepucht ginn ze sinn, well déi 4 gefrot Politiker alleguer bäileeën; bei Bausch a Sehovic souguer e Plus vun 8 Punkten - dorop léisst sech bauen.
Mir behalen aus dem Politmonitor zréck, datt d'Leit de Regierungswiessel matkruten an d'Leit en fonction vun hire politesche Leeschtungen bewäerten. Eng dausend gefrot Bierger, déi sech NET blende loossen an déi rout Kaart weisen, wann hinnen eppes géint de Stréch geet. Egal wéi: den Ouschterfridden gëtt duerch dëse Politmonitor a groussen Zich besigelt. Eppes wat op anere Plazen uechter d'Welt fir d'Leit eng onerreechbar Illusioun ass.