D'Leit ginn ëmmer méi al an d'Populatioun wiisst. Sinn d'Lëtzebuerger Altersheemer dorop preparéiert? De Familljeministère huet eis déi Fro beäntwert.

An der däitscher Haaptstad Berlin huet eng Infirmière rezent d'Police an den Noutdéngscht geruff, well d'Nuetsschicht an engem Altersheem mat méi wéi 140 Bewunner däitlech ënnerbesat a keen Zoustännegen ze erreeche war. Dat huet ënnert anerem N-tv gemellt.

Personalmangel an der Santé, dat ass souwuel an eisen Nopeschlänner wéi och zu Lëtzebuerg näischt Neies. Dofir huet d'Regierung am Koalitiounsaccord och festgeluecht, dëse Problem seriö ze huelen a souwuel weider Strukturen ze bauen, wéi och de Beruff fir d'Personal méi attraktiv ze maachen. Mee wat ass den aktuelle Stand an de Lëtzebuerger Fleegeheemer?

D'Populatioun gëtt ëmmer méi al

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 54 unerkannte Wunnstrukture fir eeler Leit mat maximal 6.750 Better. Dorënner ginn et ronn 450 Duebellogementer, also Kummere fir Koppelen. Wéi vill Better aktuell beluecht sinn, ass net genee gewosst. Déi rezentsten Zuelen, déi dem Familljeministère virleien, si vum Recensement vum 31. Dezember 2022. Deemno ware bal 6.000 eeler Leit an engem Alters- a Fleegeheem zu Lëtzebuerg ënnerbruecht. 4.361 Fraen an 1.555 Männer.

Generell soen, wéi vill vun de Better de leschten Zuelen no beluecht waren, kann de Ministère net. Et wieren nämlech eng Partie Duebellogementer vun eenzel Persoune beluecht, well dës zum Beispill mat hirem Partner erageplënnert sinn an dësen an Tëschenzäit verscheet ass.

Dem selwechte Recensement no hunn den 31. Dezember 2022 méi wéi 7.500 Leit a Wunnstrukture fir eeler Leit geschafft, dovunner hu ronn 6.000 Mataarbechter Vollzäit geschafft. Eng 5.300 Leit waren als Betreiungspersonal beschäftegt. D'Zuel vun den Aide-soignanten ass liicht méi héich wéi d'Unzuel un Infirmièren.

Wéi virdru scho kuerz ernimmt, ass dem Familljeministère bewosst, dass et u Fleegepersonal feelt. Dat huet net nëmmen domat ze dinn, dass ëmmer manner Leit an dësem Beruff schaffe wëllen, mee och domat, dass ëmmer méi Bewunner bäikommen.

Duerch ënner anerem Fortschrëtter an der Medezin gëtt d'Populatioun weltwäit ëmmer méi al an och eis Populatioun zu Lëtzebuerg wiisst weiderhin. Doduerch ginn et also ëmmer méi Leit, déi am héijen Alter musse versuergt a gefleegt ginn.

Fir eng Situatioun ze verhënneren, wéi et se viru Kuerzem zu Berlin gouf, gëtt zu Lëtzebuerg aktiv an d'Fleegestrukturen an a Gesondheetspersonal investéiert. Deel dovun ass de Plang "Bien vieillir", wou eng ganz Partie Mesuren am Koalitiounsaccord festgehale goufen.

"Sou soll ënner anerem d'Attraktivitéit vun de verschiddene Beruffsbiller gestäerkt an de Rekrutement duerch eng cibléiert Kommunikatioun verbessert ginn", erkläert de Familljeministère.

Dës weidere wieren awer och weider Wunnstrukturen an der Konstruktioun oder géife grad geplangt ginn, sou dass een an Zukunft och méi Better hätt.

Méi laang Doheem liewen

Natierlech ka jiddereen am Alter an de Fall kommen, dass en eegestänneg wunne kann an an eng Wunnstruktur plënnere muss. De Familljeministère setzt awer mat den neie Mesuren och op en aktiivt Alteren, esou dass eeler Leit esou laang wéi méiglech an hirem eegenen Doheem liewe kënnen an "en aktiivt an autonoomt Liewe bei héijer Liewensqualitéit féiere" kënnen.

Heivir ginn et eng ganz Partie Servicer, wéi d'Clibb Aktiv+, ambulant Fleegedéngschter an Offere vu Repas sur roues.