Erlaabten THC-Wäert fir Chauffere wäert net ugehuewe ginn

© AFP Archivbild
D'LSAP huet eng parlamentaresch Fro zum erlaabten THC-Wäert fir Chauffere gestallt. Direkt 3 Regierungsmemberen hu geäntwert.
Aus där geet ervir, dass d'Regierung net Wëlles huet, den erlaabten Taux vun Tetrahydrocannabinol, kuerz THC, fir Chaufferen unzehiewen. Et wier och net geplangt, d'Strofen am Code de la Route erofzesetzen.
De Moment läit de maximalen Taux fir THC, also dem Wierkstoff vu Cannabis, bei engem Nanogramm pro Milliliter Blutt. Anescht wéi Alkohol accumuléiert sech THC am Kreeslaf, sou dass een en héije Wäert kann hunn, och wann ee grad kee Cannabis consomméiert huet. Wann ee bei enger Kontroll mat engem ze héije Wäert erwëscht gëtt, riskéiert een tëscht 8 Deeg an 3 Joer Prisong a Geldstrofen tëscht 500 an 10.000 Euro.
Dass de legalen THC-Taux fir Chaufferen net ugepasst gouf, war ee vun de Kritikpunkten, wéi déi lescht Regierung de privaten Ubau an d'Consommatioun vu Cannabis legaliséiert huet.
An Däitschland gëtt an deem Kontext aktuell iwwer e maximalen Taux vun 3,5 Nanogramm diskutéiert, also 3,5 Mol méi wéi hei zu Lëtzebuerg.