
Dës Prouwe koumen aus der Uelzecht a vun enger Drénkwaasser-Quell bei Dummeldeng. Dobäi wieren héich Konzentratioune vu sougenannter Tri-Fluor-Esseg-Saier, kuerz TFA fonnt ginn. Déi wier en Ofbau-Produit vu sougenannte PFAS-Pestiziden.
De Mouveco kritiséiert, dass déi Substanz net genuch ënnersicht wier, awer déi wéineg Resultater hätte gewisen, dass se gëfteg fir Mënsch an Ëmwelt wier. De Mouveco fuerdert dowéinst ënnert anerem vun der Politik, d’Geféierlechkeet vun där Chemikalie unzëerkennen an déi PFAS-Pestiziden, déi dee Stoff fräisetzen, ze verbidden.