Um 23 Auer e Sonndeg den Owend stoungen déi definitiv Zuelen zu den Europawalen am Grand-Duché fest. Grousse Gewënner ass d'ADR.

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Partei huet d'ADR de Sprong an d'EU-Parlament gepackt, dat mam Fernand Kartheiser, deen no jorelaanger parlamentarescher Aarbecht um Krautmaart elo fir déi éischte Kéier an d'EU-Parlament anzitt.

Am Resumé gesäit d'Verdeelung vun de Sëtz fir Lëtzebuerg am EU-Parlament esou aus: D'LSAP kritt 1 Sëtz, d'CSV 2 Sëtz, DP an déi Gréng kommen all Kéiers op 1 Sëtz, genee sou wéi d'ADR. Gewielt sinn de Charel Goerens (DP) mat 86.132 Stëmmen, de Christoph Hansen (CSV) mat 79.804 Stëmmen, de Marc Angel (LSAP) mat 69.648 Stëmmen, d'Isabel Wiseler-Lima (CSV) mat 58.307 Stëmmen, d'Tilly Metz (Déi Gréng) mat 43.828 Stëmmen a Fernand Kartheiser (ADR) mat 37.684 Stëmmen.

Alle 6 Kandidaten, déi fir d'EU-Parlament gewielt goufen,huelen d'Mandat un. Noréckelen an der Chamber wäerten de Jean-Paul Schaaf vun der CSV-Nord-Lëscht an den Dan Hardy vun der ADR am Süden. Iwwregens hunn um Enn nëmmen 106 Stëmmen déi Gréng an d'ADR vunenee getrennt.

Den Owend vun den Europawalen - E Reportage vum Marc Hoscheid

Membere sinn "houfreg" iwwert d'Resultat vun der CSV

Déi vill Aarbecht um Terrain an eng gutt Ekipp hätten um Enn zu deem gudde Resultat gefouert, esou de Christophe Hansen vun der CSV am RTL-Interview. Et misst an et wéilt een och mat der LSAP an domat den europäesche Sozialisten am EU-Parlament zesummeschaffen, déi jo bal 10% bäikritt hunn par rapport zu de leschten EU-Walen.

Dat gutt Resultat vun der LSAP géif sech dem Christophe Hansen no virun allem duerch déi vill politesch Schwéiergewiichter op der Lëscht vun der LSAP an duerch "d'Zuchpäerd" Nicolas Schmit erklären.

Et géif awer näischt drun änneren, dass d'EVP - also fir Lëtzebuerg d'CSV - dës Wale kloer gewonnen hätt.

De Christophe Hansen reagéiert
"Houfreg" iwwert d'Resultat vun der CSV.

LSAP ass "happy" iwwert déi bal 10% déi ee bäikritt huet

D'Leit géife seng Aarbecht am Europaparlament an och als Vize-President appreciéieren, dat géif ee beim Resultat mierken. Dat sot de Marc Angel am Interview mat RTL.

Och wann een um Niveau vum Europaparlament an ëm den Haaptmann Nicolas Schmit e puer Stëmme verluer hätt, wier ee weider zweetstäerkste Kraaft zu Bréissel an et kéim ee bei Koalitiounsgespréicher net laanscht d'Sozialisten.

Riets Parteien, virun allem déi extreem riets Parteien, misste weider demaskéiert ginn, sou de Marc Angel als Reaktioun op den am Virfeld schonn annoncéierte Rietsruck.

De Marc Angel am Interview
LSAP ass "super happy" iwwert déi bal 10% déi ee bäikritt huet.

"D'Sujeten, déi mir als ADR thematiséiert hunn, hu sech duerchgesat"

D'Rechter vu Lëtzebuerg an Europa, d'Migratioun an de Verbrenner-Moto wieren déi Theeme gewiescht, déi d'Wieler interesséiert hätten, esou de Fernand Kartheiser bei eis virum Mikro, kuerz nodeems d'Resultater fir Lëtzebuerg offiziell publizéiert goufen.

Wéi den neien EU-Parlamentarier weider sot, géif "dat gréngt Diktat" net méi vun de Wieler erwënscht sinn.

Fernand Kartheiser am Interview
"D'Sujeten, déi mir als ADR thematiséiert hunn, hu sech duerchgesat".

"Europa huet haut mam Feier gespillt"

De Charles Goerens ass da selwer mat sengem Resultat "net onzefridden" a kritt och nees e Sëtz fir d'DP am EU-Parlament, och wann et deen eenzegen ass.

De Sëtz vun der Monica Semedo, déi sech jo am Laf vun der Legislatur vun der DP geléist hat, konnt d'DP net méi zeréckgewannen, sou dass et bei engem Sëtz bliwwen ass. Suerge mécht sech de Charles Goerens virun allem iwwer d'Opflame vun de rietse Parteien an Europa. Bei der Formatioun vun der Koalitioun géif et sou just duergoen, fir keng rietsextreem Gruppéierunge musse mat an d'Boot ze huelen.

De Charel Goerens am RTL-Interview.
"Europa huet haut mam Feier gespillt".

Immens Erliichterung an "en neien Elan" bei deene Gréngen

Et wier wichteg fir déi Gréng gewiescht, dee Sëtz ze behalen, esou d'Tilly Metz am RTL-Interview. Ugeschwat op de Rietsruck an Europa an och mat der ADR zu Lëtzebuerg, ënnersträicht d'Tilly Metz, dass den Trend laang virausgesot gi wier a sech och confirméiert hätt.

Déi demokratesch a progressiv Parteien am EU-Parlament missten elo zesummestoen an zesummenhalen.

Reaktioun vum Tilly Metz
Immens Erliichterung an "en neien Elan".

Sozialiste ginn 2. Kraaft am Parlament, laanscht déi een net géif kommen

Et hätt ee sech am Groussen a Ganzen op deem Niveau gehalen, wou ee war. D'EVP hätt dann och scho Koalitiounsgespréicher mat de Sozialisten annoncéiert, wat den Nicolas Schmit vun de Sozialisten natierlech freet.

Och mat deene Liberale soll geschwat ginn. Wichteg fir den Nicolas Schmit wier et, dass egal wéi déi rietsextreem Parteien net mat an d'Boot géife geholl ginn an aus Gespréicher géifen erausgehal ginn.

Éischt Analys vum Nicolas Schmit
Sozialiste ginn 2. Kraaft am Parlament, ouni déi een net géif kommen.

Hei eng Iwwersiicht vun all de Parteien an de Prozentzuelen:

  1. Mir d'Vollek                 0.85%
  2. VOLT                          1.04%
  3. LSAP                        21.72%
  4. Fokus                         1.60%
  5. KPL                            0.97%
  6. Déi Konservativ          0.58%
  7. Déi Lénk                     3.15%
  8. DP                             18.29%
  9. ADR                          11.76%
  10. Zesummen - d’Bréck   0.45%
  11. CSV                          22.91%
  12. Déi Gréng                 11.76%
  13. Pirate                         4.92%