De Grand-Duc fänkt mat de Preparatioune fir d’Relève un.

Zivil Zeremonie Philharmonie / Reportage: Annick Goerens

Am Oktober dëst Joer iwwerhëlt den Ierfgroussherzog Guillaume zesumme mat senger Fra, der Ierfgroussherzogin Stéphanie, d'Lieutenance vum Land.

"Mat all menger Léift a Vertraue wënschen ech him vu ganzem Häerzen eng glécklech Hand", sou den emotionale Message vum Grand-Duc u säi Fils.

Et war eng iwwerraschend Ukënnegung, déi och net an der Ried vum Grand-Duc stoung, déi d'Press am Viraus geschéckt krut. D'Nouvelle gouf also bis e Sonndeg de Moie geheim gehalen. Zum Schluss vu senger Ried sot de Grand-Duc dann, dass hien dës Decisioun mat senger Fra, esou wéi och mam Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie zesumme wéilt verkënnegen. 
 
Den Titel vum Lieutenant Représentant, deen de Prënz Guillaume dann am Oktober kritt, ass souzesoen d'Introduktioun vun engem Trounwiessel. Ma dat kéint awer nach bis zu 3 Joer daueren, bis deen Trounwiessel effektiv kënnt. D'nächst Joer, 2025 also, feiert déi groussherzoglech Koppel iwwregens am Oktober 25 Joer Trounjubiläum.

Luc Frieden reagéiert: "Et ass den Ufank vun engem nächste Kapitel fir eis Monarchie"

Reaktioun vum Premier Luc Frieden
"Et ass den Ufank vun engem nächste Kapitel vun eiser Monarchie"

De Premier erkläert, datt den Ierfgroussherzog a senger zukünfteger Roll wäert verschidden Aufgabe vum Grand-Duc iwwerhuelen, wäert säi Papp weider dësen Titel a Poste wäert behalen. Den Ierfgroussherzog gouf laang dorobber preparéiert an elo "kritt hien de Pouvoire, fir eng Rei Saachen ze maachen, also en Deel vum Grand-Duc sengen Aufgaben ze iwwerhuelen."

Wärend et fir de Public an och d'Press iwwerraschend koum, war dëst awer mam Premierminister ofgeschwat, esou de Luc Frieden weider. "Mir hunn doriwwer schonn zënter enger gewëssener Zäit geschwat. An ech menge grad op Nationalfeierdag war et dee richtege Moment, well de Grand-Duc ass d' Symbol vun eiser Natioun."

Wéini den Ierfgroussherzog Guillaume dann all d'Funktiounen an den Titel vum Grand-Duc Henri iwwerhëlt, dat kann de Luc Frieden net soen. Eenzeg wat sécher ass, ass datt och dëse Schratt mam Premierminister wäert ofgeschwat ginn.