E Sonndeg huet de Grand-Duc Henri annoncéiert, dem Ierfgroussherzog méi Chargen ze iwwerdroen. Preparatioune fir en Trounwiessel sinn domat agelaut.

Am Artikel 42 vun der Constitutioun ass virgesinn, datt de Grand-Duc sech ka representéiere loosse vun engem "Prince du sang", deen ënnert dem Titel "Lieutenant du Grand-Duc" agéiert an am Grand-Duché muss residéieren.

Den Historiker Jean-Marie Majerus verweist am RTL-Interview drop, datt d‘Lieutenance am 19. Joerhonnert nach anescht interpretéiert gouf. De Prënz Henri vun Holland war zum Beispill zu Lëtzebuerg via d‘Lieutenance de Representant vu sengem Brudder, dem hollännesche Kinnek Wëllem den Drëtten.

1902 gouf et d'Situatioun, datt de Prënz Guillaume de Nassau vu sengem Papp, dem Grand-Duc Adolphe, zum Lieutenant gemaach gouf, dat bis zum Doud vum Grand-Duc am Joer 1905.

Zënter dem 20. Joerhonnert gëtt awer mat der Lieutenance en Trounwiessel agelaut. Dat seet den Historiker Jean-Marie Majerus.

Vun 1961 bis 1964 war de spéidere Grand-Duc Jean Lieutenant Représentant, iert seng Mamm, d'Grande-Duchesse Charlotte, zu senge Gonschten ofgedankt huet. 1998 gouf den deemolegen Ierfgroussherzog Henri Lieutenant, dat bis zum Trounwiessel am Joer 2000.
Eng Fro déi sech stellt ass, wéi eng Chargen de Grand-Duc Henri nom Oktober un de Lieutenant Guillaume kann delegéieren.

"Mä de Grand-Duc kann deem Lieutenant Représentant ganz genau déi Chargen iwwerdroen, déi hie wëll. An der Konstitutioun steet do eigentlech guer näischt doriwwer, wat e kann ofginn. Hie kann déi Chargen ofginn, déi e wëllt. Dat heescht zum Beispill: en Ambassadeur empfänken an do d'Akkreditatioun ofhuelen, dat ass elo eppes ganz Formelles. E kann awer och schonn e Gesetz ënnerschreiwen. Also e kann alles dat maachen, wat de Grand-Duc kann, mee de Grand-Duc bleift awer ëmmer de Grand-Duc. Deen trëtt jo net zeréck."De Lieutenant Représentant muss elo am Oktober en Eed leeschten a seng Handlunge mussen am Aklang mat der neier Constitutioun sinn, sou den Historiker. Wéi d‘Zeremonie am Hierscht wäert ausgesinn, dat léich an der Hand vum Staatschef selwer

"Ech mengen, et ass um Grand-Duc ze determinéieren, wat fir eng Form en deem wëll ginn. Do sinn eigentlech keng Reegele streng virgeschriwwen, mä e wäert sengem Jong déi Charge am Kader vun enger Zeremonie iwwerreechen. Ech ginn dovun aus, datt en dat feierlech ënnerschreiwe wäert, wou en den Ierfgroussherzog chargéiert, fir déi Funktioun ze huelen. Natierlech muss de spéidere Grand-Duc, de Representant, säin Eed ofleeën, ier en dat ka maachen. E wäert dat am Fong souwéi d'Ministeren och hiren Eed ofleeën, wann se hiert Mandat iwwerhuelen."

Bis ewell gouf et zu Lëtzebuerg fënnef Lieutenancen. Wéi laang d‘Lieutenance vum Ierfgroussherzog Guillaume wäert daueren, kann am Moment net virausgesot ginn. Déi zwou lescht Lieutenancen hunn 3 an halleft Joer respektiv zwee an en halleft Joer gedauert.