E "Presidententrick" gëtt 1-2 Mol de Mount gemellt

An der Caritas-Affär gëtt et den Enquêteuren no jo aller Warscheinlechkeet no e Lien mam "Presidententrick".
Onéierlecher verschafe sech Informatiounen iwwert hiert Affer, ekipéiere sech mat Mail oder Telefonsnummer an denke sech da raffinéiert Zenarien aus, fir d’Affer esou eranzeleeën, datt et Virementë mécht.
De Presidententrick ass och hei am Land “zimmlech verbreet”, esou de Luxembourg House of Cybersecurity. D’staatlech Agence deelt op Nofro hi mat, datt se an de leschte Joren “ongeféier 1 bis 2 Fäll pro Mount” enregistréiert hätt, woubäi et der kéinte méi sinn well d’Agence just déi matkritt, déi se och gemellt kritt.
Dem LHC no géingen och ronn d’Hallschent vun den Tentativë mat Zäit entdeckt an de Schued limitéiert ginn. Dës Form vu Fraude géing ee schonn zanter 10 Joer observéieren an entspriechend d’Betriber doriwwer sensibiliséieren.
D’Agence weist iwweregens drop hin, datt “den Ursprong vun dëser Bedruchsmasch mënschlech Feeler sinn”. Vun dohier géing et keng einfach Léisung ginn. Et misst een opmierksam bleiwen an “Urgencen, oder Situatiounen an deenen Drock gemaach gëtt hannerfroen”.
Iwwert den Auteuren vum Presidententrick hätt den LHC keng detailléiert Informatiounen. Allerdéngs schreift d’Agence, datt d'Ugräifer sech fokusséieren op éischter grouss Entreprisen, mat komplexe Strukturen, wou vill Persoune schaffen, déi sech net ëmmer all gutt kennen, wou d'Ugräifer sech onentdeckt dertëschent schalte kennen. International Konzerner, déi a villen Länner vertruede sinn, wiere ganz “beléift”. Heiansdo sinn awer och emol méi kleng Entreprisen dobäi ewéi kleng Fiduciairen. E beléiften “Modus operandi” gesäit vir, Rechnungen z’interceptéieren an ze manipuléieren, sou datt d’Suen op en anere Kont iwwerwise ginn, deen ënnert der Kontroll vun de Kriminelle steet.
Den LHC steet zesumme mat sengen zwee Zenteren, dem “Computer Incident Response Center Luxembourg” (CIRCL) an “Luxembourg National Cybersecurity Competence Center” (NC3) zu all Moment zur Verfügung, fir sech virun enger Attack ze schützen oder am Fall vun enger Intrusioun séier ze reagéieren.
D’Zerwisser si gratis ënner follgender Hotline erreechbar: 247 88444.