D’Caritas kritt eng nei Struktur ouni den aktuelle Management
De Premier Luc Frieden huet dat e Mëttwoch nom 1. Regierungsrot no der Summerpaus confirméiert.
Affär Caritas: Dem Staat si keng Sue verluer gaangen
D’Caritas kritt am Hierscht eng nei Struktur an den aktuelle Management gëtt ersat. De Luc Frieden huet e Mëttwoch de Mëtten nom éischte Regierungsrot no der Summerpaus confirméiert, wat RTL déi lescht Woch gemellt hat. De Premier huet betount, datt dat eng Decisioun vun der Caritas wier an net vum Staat. De Krisecomité vun der Caritas, deen nom Skandal d’Geschécker iwwerholl huet, hätt schonn nei Fondateure fonnt, fir déi nei Struktur ze schafen: et géing sech ëm e puer änleche Fondatiounen handelen. Fir datt d’Aktivitéite vun der Caritas bis da kënne virugoen, mee och, well eng Rei Fournisseure Rechnunge fir 2,5 Milliounen Euro opstoen hätten, huet d’Regierung decidéiert, d’national Aktivitéite vun der Caritas am September weider ze finanzéieren.
De Premier huet betount, datt dem Staat keng Sue verluer goungen, well opgrond vun den Decompten de Staat der Caritas nach Suen hätt missten iwwerweisen. Eng weider Informatioun war, datt d’Caritas d’Kreditlinnen, déi se bei der Spuerkeess a bei der BGL BNP Paribas krut, kontestéiert huet, well de Verwaltungsrot keng Ënnerschrëft fir déi Kreditlinne ginn hätt.
De Luc Frieden sot, hie wier erstaunt a besuergt doriwwer, ewéi iwwer 6 Méint esouvill Sue konnte verschwannen. De Finanzminister wier beoptraagt ginn, mat der Justizministesch ze kucken, ob et noutwendeg ass, d’Gouvernance bei ASBLen, déi vill Sue vum Staat kréien, ze verbesseren a vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz e Rapport ze froen. D’Vertrieder vum Staat an de Verwaltungsréit vun den zwou concernéierte Banke géingen och sécher déi relevant Froen intern stellen, sou nach de Premier.






Regierung hëlt Klo vu russeschem Oligarch ganz seriö
De Luc Frieden huet de Mëtteg deklaréiert, datt een d’Klo vum Mikhaïl Fridman ganz “seriö” hëlt an datt een amgaang wier, sech op d‘Affär ze preparéieren. De russeschen Oligarch verlaangt jo vum Grand-Duché knapp 15 Milliarden Euro. Lëtzebuerg ass an dësem Dossier der Meenung, datt et eng Flicht ass, d‘Dispositioune vun der Sanktiounslëscht vun der EU ëmzesetzen, déi am Kader vum Ukrain-Krich festgehale gi war. De russeschen Oligarch klot opgrond vun engem Accord vu 1989 iwwert de Schutz vun Investisseuren tëscht der Belsch a Lëtzebuerg op der enger Säit an der Sowjetunioun op der anerer.
Lëtzebuerg géing duerch d’Affekoten-Etüd A&O Schearman vu Paräis vertruede ginn, esou de Premier. An den nächsten zwee Méint géingen déi zwou Parteien – d’Regierung an de Mikhaïl Fridman –hiren Arbitter aussichen. Déi zwee Arbittere géingen dann en drëtten nennen, dee presidéiert. Och d’Plaz fir d’Schiidsgeriicht misst festgeluecht ginn an déi dierf dem Premier no an Asien sinn. D’Affär selwer, do rechent de Luc Frieden domadder, datt déi puer Joer wäert daueren.
Rentendebatt mécht een net a 6 Méint
Am September gëtt d‘Rentendebatt lancéiert. De Luc Frieden sot, hie wënscht sech “sachlech a respektvoll” Diskussiounen. D’Sozialministesch Martine Deprez géing d’Sozialpartner consultéieren, mee och Vertrieder vun der Jugend, de Nohaltegkeetsrot an der Fondatioun Idea. Donieft géing awer och eng Plattform geschaaft ginn, wou all Mënsch kéint seng Iddien mat abréngen.
Uganks d’nächst Joer géing d’Regierung dann en “Etat des lieux” vun de Consultatioune maachen an decidéieren, wéi eng Schrëtt ee mam Koalitiounspartner géing huelen. Et wier eng Diskussioun, déi een awer net misst “a 6 Méint maachen”.