De Bistum huet mat "Hut" näischt um Hutt
Wéinst der Verontreiungsaffär bei der Caritas gouf eng nei Entitéit geschaaft, fir déi national Aktivitéite vun der Caritas vun Oktober un z’iwwerhuelen.
De President vum Krise-Comité Christian Billon huet dat um Donneschdeg per Communiqué confirméiert. Déi nei Struktur kritt mat "Hut – Hëllef um Terrain" en neien Numm an en neie Management.
"Nodeems de Kardinol d’Lëtzebuerger Wort verkaf huet, léisst en d’Caritas ënnergoen", esou d’Wochenzeitung "Land". De Journalist Bernard Thomas schreift, datt et ironescherweis grad d’Consultingfirma PwC wier, e Symbol vum Neoliberalismus, déi d’Caritas, Symbol vun der chrëschtlech-sozialer Léier, liquidéiert. De Premier Luc Frieden hat betount: Fir datt d’Aktivitéite vun der Caritas nom Veontreiungsskandal weider duerch staatlech Konventioune finanzéiert ginn, misst et e Broch ginn, ma deen ass mat "Hut" vollbruecht.
D’Lëscht vun de Grënner vun "Hut" spigelt net méi d’kathoulesch Kierch erëm. Dofir awer haaptsächlech de Milieu vun den Affekoten an Assureuren, déi der CSV an/oder der DP nostinn. Ënnert de Fondateure sinn d’Fondation La Luxembourgeoise, déi an den Hänn vun de Familljen Hentgen a Pauly ass. Dann d’Fondation Félix Chomé, wou och erëm de Banquier François Pauly sëtzt. Nieft dem Christian Billon sinn déi aner Fondateuren de Chef vun der Assurance Foyer, de Marc Lauer, den Affekot a Matgrënner vun Arendt a Medernach, de Paul Mousel, de Chef vun der Bofferding Brauerei, de Georges Lentz, mee awer och d’Françoise Gillen, Sousdirektesch beim Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher an d’Claudia Monti, aktuell nach Ombudsman. Si gëtt och Mëtt d’nächst Joer Presidentin vum Verwaltungsrot vun "Hut".
Am RTL-Interview deelt si d’Analys vum Broch mam chrëschtlech-soziale Geescht net: Bei de Fondateure wiere Leit a Fondatiounen dobäi, déi "schonn iergendwéi mënschlech engagéiert sinn". Et géing een aus jidderengem "dat Bescht eraushuelen". Datt Juristen dobäi sinn, wier och "net schlecht" no all deem, wat geschitt ass.
Nieft dem Claudia Monti sëtzen dann am Conseil d’administration d’onofhängeg Beroder David Hagen a Pascal Rakovsky, d’Affekotin Marisa Roberto an d’héich Beamtin a fréier CSV-Politikerin Claudine Konsbrück. Si wäerten dann déi nei Direktioun deemnächst astellen. Zil ass et jo, eng besser Gouvernance op d’Been ze stellen, fir d’Vertrauen an d’Sue vum Staat ze kréien an deene Leit ze hëllefen, déi a prekäre Situatioune sinn.
"Hut" - e "Bëbee", deen nach net richteg op der Welt ass
"Hut" iwwerhëlt vun der Caritas "am Idealfall all déi national karitativ Aktivitéiten", esou d’Cofondatrice an zukünfteg Presidentin vum Verwaltungsrot. Dat wier also d’Betreiung vu Leit a prekäre Situatiounen hei am Land: Obdachloser, Asyldemandeuren, mee och aner Leit, déi d’Enner um Enn vum Mount net beienee kréien. D’Caritas huet zum Beispill Épiceries sociales bedriwwen a sech un der Gestioun vun enger Rei Strukture bedeelegt ewéi d’Wanteraktioun oder d’Zentre fir den Accueil vun Asyldemandeuren, fir just déi ze nennen.
Alles, wat d’Betreiung vu Kanner a Jugendlechen a Maison-relaisen oder Crèchen ugeet, dat ass iwweregens iwwert Caritas Enfants et Familles a Caritas Jeunes et Familles gelaf: Dat si ganz separat ASBLen, déi net vun der Verontreiungsaffär betraff sinn an also normal virufueren.
D’Claudia Monti sot ons, d’Zil wier, datt déi 350 Leit, déi fir d’national Aktivitéiten zoustänneg waren, vun der Caritas eriwwer bei "Hut" wiesselen. Do géing awer alles nach an den nächste Wochen am Detail gekuckt ginn. "Eise Bëbee ass nach net richteg op der Welt", esou d’Claudia Monti. Et géingen nach "eng Rei juristesch Schrëtt" an den nächsten 20 Deeg geholl ginn. Wat d’Konventiounen ugeet, déi géingen nach "verhandelt" ginn. Si mengt, datt "d’Konditiounen an d’Aart a Weise sech wäerten änneren an do vläicht deen een oder anere Rigel kënnt, ech mengen, do war de Premier och relativ kloer".
Fir den internationalen Deel vun der Caritas, d'Aarbecht am Beräich vun der internationaler Kooperatioun, do soll eng aner Entitéit geschaaft ginn, mee dozou ass nach näischt Neits gewosst.
Déi al Caritas bleift elo mol nach bestoen
Konventioune kritt se keng méi mam Staat an huet e Lach an der Keess a Scholden. Se muss dowéinst ofgewéckelt ginn. D’Claudia Monti huet betount, datt "Hut" weder d’Schold, nach d’Avoire vun der aler Caritas iwwerhëlt. D’Caritas huet iwwerdeem och Immobilien. Wat domadder geschitt, hänkt dovunner of, ewéi d’Caritas an d’Banken ënnerteneen eens ginn.
Aktuell ass jo nach net gewosst, wien déi Schëlleg bei der Verontreiungsaffär sinn, mee och net, wie fir den Detournement responsabel oder matresponsabel ass.
Eiser Aschätzung no kéint et zu engem Accord tëscht de Banken an der Caritas oder zu engem Litige a Prozess kommen. Dat bleift op d’mannst nach onkloer, esoulaang keng nei Elementer aus der juristescher Enquête oder der Analys vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF a vun der Europäescher Zentralbank virleien.