An der Conter Gemeng schaffen d’Mataarbechter an toxeschem Aarbechtsklima, schreift den OGBL a berifft sech op d’Aschätzung vu senger Personaldelegatioun.

Rieds geet vun inexistenter Wäertschätzung vun engem senger Aarbecht an engem ze héije Leeschtungsdrock, dat ganzt encadréiert vun enger Chefetage ouni Féierungsqualitéiten.

Och d’Oppositiounsparteie maachen iwwer d’sozial Medien op Mëssstänn an der Conter Märei opmierksam a froe fir déi nächst Gemengerotssitzung vum Schäfferot eng Reaktioun op dës Virwërf – well d’Ambiance wier bei hinne scho méi laang suboptimal.
 
Oppositioun fuerdert Äntwerte vum Schäfferot
 
"Et gëtt emol gesot de Fësch sténkt fir d'éischt beim Kapp an et ass och do wou ee muss siche goen. Ech sinn der Meenung, dass hei haaptsächlech de Schäfferot responsabel ass fir dee Malaise", seet de Jean-Jacques Arrensdorff vun déi gréng.

Iergendeppes stëmmt net zu Conter. Mee wat genee? Dat wëllt een elo definitiv wëssen, an dofir hu blo a gréng dem Schäfferot e Froekatalog geschéckt… well dat ganzt wier zënter 2019 schonn net méi wéi et soll sinn, erkläert de grénge Conseiller Arrensdorff.

14 Leit déi fortgaange wiere vun der Gemeng - dovunner 9 Demissiounen.

Dass do eppes net stëmmt fënnt och de bloe Conseiller Robert Axmann, zwar nach net laang politesch zu Conter engagéiert, mee aus der Gemeng ass. An der Privatwirtschaft täteg, wier him esou eppes nach ni virkomm! Mat hirem Froekatalog un de Schäfferot wéilte si genee dat hannerfroen, wéi vill sinn der gaangen an aus wéi engen Ursaachen? De Schäfferot wier verflicht, hinnen ze äntweren.

Eng onofhängeg Etüd soll hëllefen
 
D’Buergermeeschtesch reagéiert liicht verwonnert iwwer d’virun de Won lafe vun der Oppositioun. Si selwer hätt gespuert, dass eppes an der Loft géing hänken an dofir am Juni schonn eng Firma vu bausse gefrot, sech mat de Mataarbechter z’ënnerhalen an erauszefannen, wat da lass ass, sou d’CSV Buergermeeschtesch Marion Zovilé. De Schäfferot hätt du mam Accord vum Conseil eng onofhängeg Firma mandatéiert, mat de Mataarbechter ze schwätzen an erauszefannen, wou de Problem léich. 
 
Dem Schäfferot wieren d’Mataarbechter wichteg
 
Wa rieds géing vu 14 Leit déi fortgaange wieren, misst een awer déi ewech rechnen, déi a Pensioun gaange sinn, oder eng fir sech besser Plaz fonnt hätten. Ob si vläicht ze streng wier? Nee, äntwert d’Buergermeeschtesch, si wier éierlech a fair a géing jiddwereen d'selwecht behandelen.

Si all waarden also op d’Conclusioune vum Expert vu baussen, hei géing et ëm de Mënsch, net ëm politique politicienne, präziséiert de Jean-Jacques Arrensdorff. Am nächste Conseil kéint si net grouss äntweren, präziséiert d’Buergermeeschtesch, well d’Analyse wier fréistens Enn Oktober ofgeschloss.

Onzefridde Mataarbechter zu Conter / Reportage Monique Kater