Méi Wuelbefannen, Rou an Zefriddenheet
Zu Berbuerg ass e Pilotprojet an engem Fleegeheem fir Leit an enger prekärer Situatioun ugelaf.
Méi Wuelbefannen, Rou an Zefriddenheet. Dat soen déi nei Awunner vun engem Pilotprojet iwwert hiert neit Doheem am Gréngen zu Berbuerg. Konkret geet et bei deem Projet dorëms, am integréierte Wunn- a Fleegeheem Haaptmann's Schlass Plaze fir Leit an enger prekärer Situatioun z'erméiglechen. Woubäi den Alter net onbedéngt eng zentral Roll spillt, well e schwéiert Liewen dozou féiert, dass ee méi séier méi al gëtt.
Wien an enger prekärer Situatioun lieft, huet et dacks awer am Alter ëmmer méi schwéier: Gesondheetlech Problemer, keng Famill, déi hëllefe kann, a keng finanziell Mëttele fir en Altersheem oder e Fleegeservice. Dat si Schwieregkeeten, déi dës Persounen nach méi an d'Prekaritéit drécken. Dozou gehéieren och Mënschen, déi op der Strooss liewen. Fir Leit a schwéiere Situatiounen opzefänken, gëtt et zanter Mäerz am Haaptmann's Schlass zu Berbuerg e Pilotprojet. 22 vun den 151 Better am integréierte Wunn- a Fleegeheem si fir e Pilotprojet reservéiert, fir Leit aus prekäre Situatiounen erauszehuelen. D'Hallschent dovunner ass aktuell scho besat ginn. Well et der Struktur awer un Infirmieren an Infirmière feelt, leeft den Ament nach de Rekrutement, ier weider Residentë kënnen opgeholl ginn. D'Demande wier awer do, präziséiert den Direkter Yves Morby. Et gëtt och schonn en Waardelëscht.
D'Zesummeliewe mat den aneren Awunner géing da gutt verlafen, verséchert den Direkter. Och eng Awunnerin, déi zanter zwee Méint zu Berbuerg wunnt, seet, si géing sech gutt mat den anere Leit verstoen. Et kéim natierlech och zu Virurteeler, esou nach den Yves Morby. Ma déi hätt ee bis ewell ëmmer gutt kënnen aus der Welt schafen. Lues a lues géinge sech all d'Residenten unenee gewinnen.
Wien ass eligibel?
Fir eligibel ze sinn, ass et wichteg, dass d'Persoun hir sozial Rechter hei am Land huet a vun enger Associatioun am Beräich vun der Prekaritéit suivéiert gëtt. An deem Fall kann et dann och sinn, dass ee kee fixen Doheem huet oder op der Strooss lieft. Et hätt ee sech awer bewosst dogéint entscheet, d'Leit direkt vun der Strooss opzehuelen. Dat wier fir si och eng ze vill grouss Ëmstellung. Persounen, déi zum Beispill an enger karitativer Struktur gewunnt hunn, kéinte sech méi einfach an hirem neien Doheem zu Berbuerg wuel fillen.
Eng Alterslimitt gëtt et net, erkläert den Direkter vun der Struktur Yves Morby. Wichteg wier just, dass d'Persoun e gerontologeschen Encadrement brauch. An der Moyenne hunn d'Residentë vum Pilotprojet 55 Joer. Déi 4 Fraen a 7 Männer sinn tëscht 37 a 74 Joer al. Am Rescht vum Gebai ass d'Altersmoyenne 84 Joer.
Eng Iddi vum Terrain
De Projet gëtt zu 100 Prozent vum Familljeministère gedroen. Déi baulech Upassunge vum CIPA belafe sech op véier Milliounen Euro. Dobäi komme pro Joer zwou Millioune fir de ganzen Encadrement, dorënner sinn och d'Personalkäschte fir 13 Leit. Zwee Joer soll de Pilotprojet daueren, vu do u wou déi 22 Better beluecht sinn, präziséiert de Familljeminister Max Hahn. D'Iddi géing vum Terrain kommen a wier da mam Ministère ausgeschafft ginn. Wéi vill Better et nach brauch, fir der ganzer Demanden nozekommen, wier schwéier ze soen. Duerch Erfarungswäerter soll gekuckt ginn, wéi och an aneren Alters- a Fleegeheemer Plaze fir Leit aus prekäre Situatioune kënne geschafe ginn.