Wéi de CGDIS schreift, si géint 11:32 Auer zu Leideleng an der Z.I. Grasbësch tëscht zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Stater Rettungsdéngschter versuergt.
E weideren Asaz fir d'Stater Rettungsekippe gouf et géint 13 Auer op der A1 Richtung Stad. Hei sinn zwee Autoen tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald net laanschtenee komm. Et blouf beim Materialschued.
Um Belval an der Rue de Hussigny hat et iwwerdeem kuerz viru 14 Auer an engem Chalet gebrannt. Och hei gouf kee blesséiert. D'Pompjeeë vum Zenter Suessem-Déifferdeng a vun Esch waren am Asaz.
E weidere Brand gouf et dann nach géint 15:27 Auer an der Rue des Capucins an engem Keller. Hei waren nach emol d'Stater Rettungsekippen op der Plaz.
Eng zéng Minutte méi spéit goufen d'Pompjeeë vum Réiserbann wéinst engem Feier an enger mobiller Toilette op d'Kockelscheier geruff. Och hei blouf et beim Materialschued.